Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

106 Euro Brutto méi an der Pai 2023: Gehälteraccord beim Staat gëtt am Nomëtteg ënnerschriwwen

Um Freideg am Nomëtteg gëtt en Gehälteraccord an der Fonction Publique tëscht der Regierung an der CGFP ënnerschriwwen.

Do virdrun annoncéiert den DP-Minister Hansen elo an der zoustänneger Chamberkommissioun, datt d'Gehälterverhandlungen mat der CGFP konnten ofgeschloss ginn an datt en Accord fonnt gouf.

RTL-Informatiounen no gëtt et an enger éischter Etapp en Accord vum 1. Januar 2023 bis d'Enn vun deem Joer. Fir deen Zäitraum soll et eng Punktwäert-Erhéijung vu 5 Prozent op déi éischt 100 Punkten ginn. Dat sinn 106 Euro brutto op d'Paie dobäi fir all d'Leit beim Staat.

2024 géifen déi Verbesserungen nees ewech falen.

Am Plaz kéim da vum 1. Januar 2024 un eng generell Punktwäert-Erhéijung vun 1,95 Prozent.

Am Ganzen dierften et 11 Mesuren sinn an dësem Accord.

D'Staatsbeamtegewerkschaft dierft sech deemno mat hiren Revendicatiounen duerchgesat hunn - Fuerderungen, déi ni op der Place publique devoiléiert goufen, mee ewell vun der Rentrée sociale un hat d'CGFP unisono eng Punktwäert-Hausse gefrot. Den OGBL hätt gär mat negociéiert, war awer net mat um Dësch. Den OGBL hat sech fir eng Punktwäert-Erhéijung vu 5 Prozent ausgeschwat.

De Minister Marc Hansen mécht um 16 Auer eng Pressekonferenz mat der CGFP:

Dës Presentatioun gëtt och live op RTL.lu gestreamt.

Dann ass och gewosst, wéi en Impakt d'Paien-Augmentatiounen beim Staat wäerten op de Staatsbudget vum nächste Joer hunn, deen d'nächst Woch gestëmmt gëtt.

Net méi spéit wéi e Méindeg kënnt och d'Conférence des Comités vun der CGFP beieneen.

Kuerzfristeg gouf och fir de fréie Mëtteg  d’Conférence des Comités restreintes vun der CGFP beieneen geruff – dat mat just engem Punkt iwwer deen diskutéiert gëtt: «Accord salarial: présentation pour accord».