Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

13 nei Petitioune kënnen online ënnerschriwwe ginn: Ofschafe vun der Walflicht a Limitéierung vun de Margen op den Immobiliëprêten

13 nei Petitioune kënnen online ënnerschriwwe ginn

Zanter e Samschdeg sinn 13 Petitiounen online, déi bis den 20. Oktober op d'mannst 4.500 Ënnerschrëfte musse kréien, fir ëffentlech debattéiert ze ginn.

D'Fuerderunge betreffen déi verschiddenst Beräicher:

  • D'Walflicht soll ofgeschaaft ginn.
  • Déi sougenannten Dash-Cams an den Autoe sollen erlaabt an d'Videoen, déi mat dëse gemaach ginn, als Beweis zougelooss ginn.
  • Bannent den éischten 2 Joer nodeems een de Führerschäin krut, soll een nëmmen Autoe mat enger Motoriséierung vu maximal 150 PS dierfe fueren.
  • Eng aner Petitioun fuerdert dann allerdéngs, dass een de grousse Camionsführerschäi schonn direkt mat 18 Joer maachen dierf.
  • D'Marge vun de Banken op den Immobiliëprête solle limitéiert gin

....