Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

2 Stonnen, 1 Minutt an 9 Sekonnen: Eliud Kipchoge verbessert nees de Marathon-Weltrekord zu Berlin

Sport - 2 Stonnen, 1 Minutt an 9 Sekonnen
RTL

© AFP

De kenianeschen Olympiagewënner ass e Sonndeg zu Berlin beim Marathon op en Neits een neie Weltrekord iwwert d'42,195 Kilometer gelaf.

De kenianesche Marathonleefer Eliud Kipchoge huet e Sonndeg säin eegene Weltrekord am Marathon verbessert. Zu Berlin ass hien no 2 Stonnen, 1 Minutt an 9 Sekonnen iwwert d'Zillinn gelaf. Den ale Rekord vum 37 Joer ale Leefer louch bei 2 Stonnen, 1 Minutt an 39 Sekonnen. Och dëse war hien zu Berlin gelaf an dat am Joer 2018.

Den zweefachen Olympiagewënner hat 2019 als éischte Mënsch d'Marathon-Distanz ënnert 2 Stonne gepackt. Als offizielle Weltrekord zielen déi 1:59:40 Stonnen allerdéngs net, well dës ënner "Labobedingungen" entstane sinn.