Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

20 Fuerderungen: D'Regierung huet d’Covid-Pandemie net gutt geréiert, sou d'ADR

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser sot um Méindeg op eng Pressekonferenz, d’Gestioun misst vun engem onofhängege Gremium opgeschafft ginn.

Virun allem huet en der Regierung Versäumnisser virgeworf, wat d’Impfungen an den Ëmgang mat Impfschied ugeet. Dobäi ass d’Santé méi transparent, wéi d’ADR wëll gleewen doen.

Alles an allem 20 Fuerderungen stellt d’ADR un d’Regierung, wat Opschaffe vun der Pandemie ugeet. Mee de Fernand Kartheiser seet : "Vläicht dee wichtegste Sujet am Ament sinn d’Impfschied."

Hien huet Reportagen an auslännesche Medien gesinn. "Mir hunn och Date vum Paul Ehrlich Institut, déi awer hiweisen, datt et eng héich Zuel vun Doudesfäll, vu schwéieren Niewewierkungen a mëttelschwéiere Niewewierkungen gëtt."

Mee hei am Land géif net vill dovu geschwat ginn an dofir freet hien : "Wéi ass et dann zu Lëtzebuerg ? Wéi ass d’Mortalitéit ? Wou sinn déi mëttel- a liicht Schied hei? Mir hu keng richteg Statistiken."

Dat stëmmt esou net. D’Santé publizéiert zënter Abrëll 2021 um Site Covid19.lu , all Niewewierkungen, déi gemellt ginn an dozou sinn Gesondheetsprofessioneller verflicht. Bis Oktober 2022 goufen et 2.493 Meldungen. Dorënner ware 623 schwéier Fäll an 17 Doudesfäll gemellt ginn. Dat heescht awer net, datt 17 Leit un der Impfung gestuerwe sinn, mee datt 17 Doudesfäll gemellt goufen, wou e Verdacht geäussert gouf an tatsächlech virdru geimpft gi war, also d’Chronologie gestëmmt huet. All dës Meldunge ginn opgeholl, dono réischt ginn d’Fäll eenzel gepréift.

De Fernand Kartheiser huet och kritiséiert, "datt d’Pharmaindustrie duerch déi Verträg, déi d’EU ofgeschloss huet, net an der Verantwortung steet. Et ass un de Steierzueler un den eenzele Länner, fir dann herno dofir opzekommen."

Dofir bedauert d’ADR datt, Lëtzebuerg a Saachen Impfverträg d’Souveränitéit un d’EU-Kommissioun of ginn hätt- si hätt dat anescht gemaach. A si freet, wéi Betraffener entschiedegt géifen.

"Wéi eng Prozedure sinn hei virgesinn? Praktesch näischt, dat ass alles ganz schwéierfälleg, wann iwwerhaapt."

Dobäi reegelt e Gesetz vun 2000, datt de Staat den Doud oder permanent Schied dedommagéiert, déi duerch obligatoresch oder recommandéiert Impfungen entstinn. Dee Prinzip gëllt also fir all recommandéiert Impfungen zënter iwwer 20 Joer, net just fir Covid-Impfungen. Wéi vill Demanden, fir esou en Dedommagement wéinst Schied duerch Covid-Impfungen agereecht goufen, konnt d’Santé bis Redaktiounsschluss net matdeelen.