Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

25.000 Signature wieren néideg gewiescht: Just 436 Ënnerschrëfte fir Verfassungs-Referendum zu Kapitele IV a Vbis erakomm

Et sinn net genuch Signaturen zesummekomm, fir ee Referendum zu de Kapitele IV a Vbis vun der neier Verfassung ze organiséieren.

De Staatsministere e Freideg Zuelen zu den Ënnerschrëfte publizéiert, déi an de Gemengen agereecht goufen. Insgesamt hunn uechtert d'Land 436 Leit eng Ënnerschrëft ofginn, eng dovunner war allerdéngs ongülteg, esou datt den Total nach bei 435 läit. Am Verglach gouf et fir d'Kapitel III nach 966 Signaturen.

Fir d'Demande no der Organisatioun vun engem Referendum zu der neier Verfassung duerchzesetzen, wieren allerdéngs 25.000 Ënnerschrëften néideg gewiescht. Deemno kënnt et och iwwert dës zwee Kapitele vun der Verfassung net zu engem Referendum, mä zu engem zweete konstitutionelle Vott an der Chamber.

D'Resultat vun der Ënnerschrëften-Kollekt an allen 102 Gemenge kann awer bannent de nächste fënnef Deeg vun all Wieler beim Verwaltungsgeriicht kontestéiert ginn.

Och zu anere Kapitele vun der neier Konstitutioun wäert et kee Referendum ginn. D'Demande zu engem Referendum iwwer d'Justizkapitel war mat 7.400 Ënnerschrëfte gescheitert, bei enger zweeter Kollekt zu anere Kapitele ware just 1.652 valabel Signaturen zesummekomm.

D'Schreiwes vum Staatsministère

Résultat de la collecte des signatures en vue de l'organisation d'un référendum sur la proposition de révision des chapitres IV et Vbis de la Constitution (30.09.2022)
Communiqué par : ministère d'ÉtatLa vérification des résultats de la collecte des signatures déterminés par chaque commune donne, pour l'ensemble des communes, le nombre total suivant:

1. Inscriptions reçues: 436
2. Inscriptions nulles: 1
3. Inscriptions valables: 435

Vu que le nombre total des inscriptions valables est inférieur à vingt-cinq mille signatures, la demande du 26 juillet 2022 visant l'organisation d'un référendum sur la proposition de révision des chapitres IV et Vbis de la Constitution n'a pas abouti.

La détermination et la constatation du résultat peuvent être contestées par tout électeur devant la Cour administrative endéans les cinq jours de la date de la publication des résultats au Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg, Mémorial A, sous peine de forclusion.