Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

3. Dag vun der Tripartite: Bei Accord oder Desaccord gëtt d'Press an de Public en Dënschdeg informéiert

Sollten d'Parteien awer weder en Accord nach en Desaccord fannen, ass déi nächste Woch eng weider Ronn vun der Tripartite méiglech.

En Dënschdeg war den drëtten Dag vun der Tripartite, wou 11 Regierungsmemberen an hir Beamte zanter 10 Auer moies nees mam Patronat an de Gewerkschaften zu Senneng am Schlass zesummesouzen. Et gouf driwwer verhandelt, ewéi d'Inflatioun an d'Hausse vun de Präisser kéint gebremst ginn an esou de Leit an de Betriber gehollef ginn. Haaptpist ass RTL-Informatiounen no en Deckel op d’Energiepräisser.

Déi proposéiert Mesurë géinge Projektiounen no d’Inflatioun, déi aktuell an d’nächst Joer laut zentralen Zeenerië bei 6,6% géing leien, ëm gutt 3 Prozentpunkten erofdrécken. Doduercher géingen och manner Indextranchen d’nächst Joer erfalen. Iwwert déi Tranche, déi dëst Joer nach soll erfalen, gëtt och verhandelt. Dee ganze Mesurëpak - Gas, Stroum, Mazout an TVA - géing de Staat 1,2 Milliard Euro kaschten.

Am Laf vum Dënschdeg wier eng Pressekonferenz virgesinn, sollten d'Regierung an d'Sozialpartner en Accord oder den Desaccord fannen. Sollt et zu enger weiderer Gespréichsronn kommen, ass net virgesinn, datt d'Press an de Public schonn dësen Dënschdeg informéiert ginn.

D’Regierung erhofft sech op d’mannst e prinzipiellen Akkord mat Patronat a Gewerkschaften. Déi missten dann hir Basis consultéieren, esou datt fréistens Mëtt nächster Woch mat engem definitiven Akkord ze rechne wier.