Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

5 Gefierer involvéiert: Een Doudegen a 16 Blesséierter bei schroem Accident bei Bochum

Beim Accident op der A43 bei Bochum an Nordrhein-Westfalen ass eng 18 Joer jonk Autofuererin ëm d'Liewe komm, 16 Persoune goufen deels uerg blesséiert.

Wéi d'Police vun Dortmund matdeelt, huet déi jonk Fra an der Nuecht op e Méindeg laut Zeien bei héijer Vitess d'Kontroll iwwert hire Won verluer hunn. Si ass mat hirem Won an d'Leitplank gerannt a gouf zeréck op d'Autobunn geschleidert. Am ganze 4 Ween déi hannendru waren, sinn nach weider an den accidentéierten Auto gefuer.

Doropshi goung der Police an de Pompjeeën no den Auto vun der 18 Joer jonker Autofuererin an nach e weidere bedeelegten Auto a Flamen op. Zeien hunn déi schwéier blesséiert Fra nach aus hirem Won erausgeholl a se um Bord vun der Strooss versuergt. Si koum mat der Ambulanz an d'Spidol, ma ass kuerz drop un hire schlëmme Verletzunge gestuerwen.

Vun de 16 Blesséierten, goufen der 7 schwéier blesséiert, dorënner och zwee kleng Kanner. 4 weider Persoune koume mat méi liichte Blessuren an d'Spidol a 4 weiderer goufen op der Plaz selwer medezinesch versuergt.

Ermëttlungen fir de geneeë Verlaf vum Accident kënnen nozevollzéien, lafen am Moment. Nom Accident war d'Autobunn stonnelaang fir den Trafic gespaart.