Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

52 vu 54 Dronen zerstéiert: Schlëmmst Dronenattack op Kiew zanter Krichsufank

52 vu 54 Dronen zerstéiert

An der Nuecht op e Sonndeg huet Russland ukraineschen Informatiounen no mat 54 Dronen eng Rekordzuel u Shahed-Kamikaze-Dronen op d'Ukrain geschoss.

Ma der ukrainescher Arméi soll et awer gelonge sinn, 52 vu 54 Dronen ze zerstéieren, allerdéngs net ouni Kollateralschied. Mat iwwer 40 Stéck hat d'Majoritéit vun den Dronen d'Haaptstad Kiew am Viséier.

Wéi de Buergermeeschter vun der Stad op Telegram schreift, wier um fréie Sonndegmoien en 41 Joer ale Mann duerch Stécker, déi erofgefall sinn, op enger Tankstell am Quartier Solomjanskyi ëm d'Liewe komm. Dräi weider Mënsche wiere bei den Dronenattacken an der Nuecht blesséiert ginn.

Den EU-Ambassadeur fir d'Ukrain, de Matti Maasikas, huet déi schwéier Attacken op d'Haaptstad verurteelt. "Wéi wann den Aggresseur den Dag vu Kiew op perverse Aart a Weis markéiere géint. Si wäerten de Geescht vun dëser mächteger Stad net briechen", esou de Maasikas. E Sonndeg feiert d'Haaptstad nämlech hire Grënnungsdag.

D'brittesch Ambassadrice Melinda Simmons huet geschriwwen, datt Moskau der Stad e "gewaltsame Kaddo" gemaach huet. "Ech sëtzen am Bunker a lauschteren den immens haarde Knallgeräischer baussen no a fillen, wéi d'Maueren zidderen."

D'Shahed 136 ass mat ronn 20.000 Euro d'Stéck eng bëlleg Dron aus iranescher Produktioun, déi dacks en masse agesat gëtt, fir d'ukrainesch Loftofwier ze beschäftegen, déi dann nëmmen nach limitéiert ass, fir russesch Mëttelstreckerakéiten ofzewieren.