Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

88 Walbüroen: Gemengewale logistesch Erausfuerderung fir d'Stad

An der Stad sinn d'Walen den iwwernächste Sonndeg eng logistesch Erausfuerderung: mat 88 Büroe ginn et der 14 méi wéi nach viru 6 Joer.

Déi nei Emplacementer vun de Büroe si fir de Garer Quartier am Siège vum CGDIS um Boulevard de Kockelscheuer a fir de Rollengergronn ass de Walbüro vun de Raimlechkeete vum Stater Waasserzerwiss an d'fréier Schoul geplënnert.

Wéi an allen anere Gemenge sinn d'Walbüroen an de Stad tëscht moies 8 a Punkt 14 Auer Nomëttes op. Wie walflichteg ass, mee verhënnert ass den 11. Juni, dee muss dem Procureur dëst schrëftlech matdeelen. En entspriechende Formulaire gëtt et um Site vun der Stater Gemeng an am Biergercenter.

Entschëllegt si Leit iwwer 75 Joer a Persounen, déi um Waldag an enger anerer Gemeng wunnen, wéi do wou se geruff gi sinn, fir hir Stëmm of ze ginn - Leit also, déi geplënnert sinn.

D'Stater Gemeng preziséiert, datt déi knapp 100 Walbüroen an d'Kabinnen accessibel fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit sinn. Et funktionéiert och um Walsonndeg e Stater Walbus, fir deen ee sech awer muss bis freides umellen.

Fir d'Leit aus dem Gronn a Clausen funktionéiert am hallef Stonnentakt eng gratis Navette, fir an de Walbüro op d'Rumm gefouert ze ginn.

Wéinst de villen Auslänner, déi sech zu Eech, um Kierchbierg an dem Stadzentrum fir d'Walen ageschriwwen hunn, ginn d'Awunner aus enger Dose Stroossen an aner Büroe convoquéiert wéi soss: déi sinn an der Fondatioun Pescatore, der aler Schoul am Rollengergronn an der Grondschoul an der Rue des Maraîchers um Kierchbierg.