Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

A Frankräich: Haut gëtt nees géint déi geplangte Pensiounsreform demonstréiert

Et muss nees mat zolitte Perturbatiounen am ëffentlechen Transport gerechent ginn. Och vill Schoulen an Administratioune wäerten zou bleiwen.

D'Gewerkschaften hunn d'Leit am ganzen Land opgeruff, fir hier Aarbecht néier ze leeën.

Déi franséisch Regierung wëll ënnert anerem de Rentenalter progressiv vun 62 op 64 Joer erop setzen. Anescht wier de Pensiounssystem net méi ze finanzéieren. Vun 2027 u wieren deemno schonn 43 Cotisatiounsjore virgesinn.

Op ganz grouss Perturbatiounen gëtt sech am franséischen Zuch-Reseau agestallt, wou zwee Drëttel vun de Liaisounen sollen ausfalen. Dat selwecht gëllt fir de Metro-, Tram- a Bus-Reseau an de Groussstied.

Vill Schoulen a Lycéeë bleiwen zou, grad ewéi och vill Administratiounen.

Beim éischte Protestdag de 19. Januar waren iwwert eng Millioun Leit op der Strooss.

RTL