Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

A ganz Däitschland: Grousse Streik fir kommende Méindeg ugekënnegt, keng Flich vu Frankfurt aus

D'Gewerkschaft Verdi an d'Eisebunns- a Verkéiersgewerkschaft EVG wëllen e Méindeg mat engem Streik de Verkéier an Däitschland gréisstendeels paralyséieren.

Betraff sinn de Fern-, Regional- an Noverkéier, souwéi Fluchhäfen an d'Autobunnsgesellschaft.

D'EVG huet erkläert, si géif déi ronn 230.000 Beschäftegt vun allen Eisebunn- a Verkéiersentreprisen, an deenen aktuell verhandelt gëtt, de 27. Mäerz zu engem Bundeswäite Warnstreik opruffen. D'Aarbecht soll méindes um Punkt 0 Auer néiergeluecht ginn.

Verdi huet ugekënnegt, dass ënnert anerem op Fluchhäfen an an ëffentlechen Ariichtungen an direkt e puer Bundeslänner soll gestreikt ginn. 120.000 Employéeë géifen an den Aarbechtskampf geruff ginn, sot de Gewerkschaftsleader Frank Werneke. Si rechne mat enger grousser Bedeelegung.

Et geet generell ëm d'Aarbechtskonditiounen an d'Kontrakter am ëffentlechen Déngscht a bei de Gesellschaften déi am Verkéier aktiv sinn. De Streik soll an der Nuecht vum 26. op de 27. Mäerz ugoen. An zwar vun Hallefnuecht bis Hallefnuecht de aneren Dag. Dee Streik kéint wéinst de Frontalieren aus Däitschland deemno och Repercussiounen op de Beruffstrafic e Méindeg zu Lëtzebuerg hunn.

Kuerz no der Annonce vum Streik huet d'Bedreiwergesellschaft Fraport matgedeelt, dass e Méindeg kee reguläre Passagéierfluch vu Frankfurt aus wäert starten oder landen.