Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

À vendre: E Secteur an de Labrenten

Se sinn net z'iwwersinn: Viru ville Residencen oder Haiser hänken zënter Méint Schëlder, op deene grouss steet "ze verkafen".

Dobäi kënnt, dass een d'Impressioun huet, datt et der ëmmer méi ginn. Vill Leit déi verkafen, mä ëmmer manner Leit, déi kafen. Eng Impressiounen, déi den Immobiliësecteur confirméiert. De Manuel Rizzo ass Member am Comité vun der Chambre Immobilière an huet selwer eng Immobilienagence. Hie kennt also den Terrain a weess datt ëmmer manner Leit sech iwwert déi eege 4 Mauere kënne freeën: "Well de Client u sech näischt méi ka kafen, well en dat finanziell net méi ka stemmen. Also gëtt de Stock vun den Objeten, déi an der Vente sinn, ëmmer méi grouss. An den Agencë kréie mer de "Client acheteur" net méi, well d'Situatioun um Marché esou ass, datt d'Finanzen dem Client de Strack ëm den Hals leeën an deen doduerch muss loune goen."

Fir d'Immobilienagencen bréngt dat mat sech, datt e groussen Deel vun de Suen, déi si verdéngen, ewech falen an iergendwann féiert dat an all Betrib zu Diskussiounen iwwer Käschten. A ville Fäll heescht dat, Leit entloossen an et ass hei net anescht: "Mir schwätzen hei elo vun deene Leit, déi wierklech am Secteur ugestallt sinn. Mir schwätzen net vun engem Freelance, dee praktesch op sech selwer schafft a just op Basis vu Kommissioune bezuelt gëtt. Mir schwätze vun Employéen, déi scho Méint respektiv Joren an deene Betriber schaffen an doduerch mat der Angscht musse liewen, datt se hier Plaz kënne verléieren, wa mir dee Marché net erëm ganz séier un d'Lafe kréien."

Fir de Jean-Paul Scheuren, de President vun der Chambre immobilière, läit den Haaptproblem am Neibau, wou, och wéinst der substantieller Hausse vun de Präisser, nach manner verkaaft gëtt, wéi bei Haiser oder Wunnengen, déi scho stinn. Hie fäert, datt déi richteg Kris eréischt kënnt. Nom Kollektivcongé am Summer: "Éischtens well de Kollektivcongé ëmmer eng grouss Belaaschtung fir d'Betriber ass an dann am Hierscht mat manner Aarbecht do ze stoen, wäert natierlech eng Partie Betriber un hir Grenze bréngen oder dozou féieren, datt se mussen zoumaachen oder Leit entloossen."

De Staat, dee soll privat Projeten opkafen. Dat iwwerzeegt de President vun der Chambre immobilière net: "Ech géif gär wëssen, wéi vill Wunnengen hu se da bis dato kaaft. Mir schwätzen elo zënter 6 Méint dovunner, ech weess vu kengem Dossier deen ënnerschriwwen ass. Da soll d'Regierung mol op den Dësch leeën, wéi vill Wunnengen se keeft, wat hu mer dann dovunner? Et wier dach besser wa mer Investisseuren hätten, déi 1.500 bis 2.000 Wunnengen géifen kafen an da géife mer richteg am Secteur weider kommen."

D'Politik hätt souwisou viru 6 Méint scho missten intervenéieren, fënnt de Jean-Paul Scheuren, all Ament wou een elo nach géif ofwaarden, wier Ueleg op d'Feier.