Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Aarbechtssich mat Handicap: "Méi kann ech net wënschen"

Och haut trotz ëmmer méi alternative Aarbechtszäiten a Schaffméiglechkeeten, ass et fir Leit mat engem Handicap zum Deel schwéier, eng Plaz ze fannen.

Dat obwuel den Iwwergang op den Aarbechtsmaart staatlech mat vill Suen a Personal promouvéiert gëtt. Mir hunn eng Persoun getraff, déi zanter bal 2 Joer op Aarbechtssich ass.

Aktuell sinn eng 2.200 Leit mam Statut „Salarié handicapé“ bei der ADEM ageschriwwen. 1.500 vu hinne kënne sech um ordinären Aarbechtsmarché aktiv bedeelegen. Theoretesch. Um Terrain ginn et awer Hürden, erzielt de Candido Laporta.

De Mann vun 42 Joer ass op e Rollstull ugewisen, fir sech fortzebeweegen. Zanter zwee Joer sicht hien no enger Aarbecht an ass bei der ADEM ageschriwwen. Nom Versuch, sech als Immobilienagent fir Leit mat engem Handicap selbststänneg ze maachen, probéiert hien, nees säi Wee zeréck op den Aarbechtsmaart ze fannen. Virstellungsgespréicher goufen et bis ewell kaum – hie passt dacks net an d’Profil.

Fir de Mann deen zanter 42 Joer am Rollstull sëtzt, ass dat eng Belaaschtung: „D‘Basis vum Liewen ass d‘Schoul ze maachen an duerno eng Aarbecht ze fannen. Ech sinn eben esou als Mënsch, wann ech keng Aarbecht fannen, da fillen ech mech als Mann, als Persoun, net vill wäert. All Mënsch huet et verdéngt, eng Aarbecht ze fannen.“

All Mënsch huet e Recht op Aarbecht

Zanter 2011 huet all Mënsch och offiziell e Recht op Aarbecht op engem fräien Aarbechtsmarché. Déi entspriechend UN-Rechtskonventioun fir Leit mat engem Handicap ass zu Lëtzebuerg Gesetz. D‘Optiounen awer fir de Candido Laporta si limitéiert. „Ech hu mech bis elo just beim Staat a bei Gemenge gemellt. Am Privatsecteur muss ee meeschtens Diplomer hunn. Déi hunn ech awer net. Ech komme vun der Fondatioun Kräizbierg. Ech hunn do keen Diplom, deen engem klassesche schoulesche Niveau gläicht.“ Den 42 Joer ale Mann schwätzt zwar 7 Sproochen, mee huet “de base“ just e Primärschoul-Ofschloss.

Den Educatiounshannergrond ass bei de meeschte Leit mat engem Handicap-Statut problematesch, erkläert d’Gaby Wagner vun der ADEM. Si ass en Charge vum Departement Handicap a Reclassement.

„Iwwer 1.200 vun de concernéierten 1.500 Leit sinn iwwer 46 Joer al. A bal 1.200 hunn als héchste Schoulofschloss eng 9ième. Wat d‘Saach mat de kierperlechen oder medezinesche Restriktioune net méi einfach mécht.

Rezent Zuele vum Aarbechtsministère weisen, datt iwwer 80% vun den Entreprise mat 25 Salariéen a méi sech net un déi festgeluechte Quote bei der Astellung vun handicapéiertem Personal halen. Konkret waren dat 2020 81% vun den Entreprisen tëscht 25-49 Salariéen. A souguer 98% vun den Entreprisen mat iwwer 300 Salariéen.

All Joers ginn eng 500 nei Statute fir de „Salarié handicapé“ vun der ADEM verginn. Fir der Demande um Marché entgéint ze wierken, gëtt och ganz punktuell forméiert.

„Reng fir den Handicap hu mer zum Beispill eng Kollaboratioun mat Bitburg,” esou d’Gaby Wagner. “Dat ass am Fong en Zentrum, deen erlaabt, datt een e richtegen Apprentissage op der Plaz mécht. Zu Lëtzebuerg ass dat net an alle Fächer méiglech. Zu Bitburg ass en Zentrum, wou och en Internat dobäi ass. Dat kënne mir och iwwert d‘Kommissioun finanzéieren. Dat ass eng Méiglechkeet, wann een eppes mat engem Diplom wëll maachen. Soss bidde mer Formatiounen, déi op Mesure fir de Patron organiséiert ginn. De Patron seet eis, wat e brauch a mir maachen dann eng Formatioun spezifesch fir de Betrib.“ Allgemeng wier et der ADEM no besser, wann e Patron flexibel ass an een zesummekucke kann, wéi eng Persoun fir de Betrib kéint passen. No engem spezifesche Profil eng Persoun mam Statut «Salarié handicapé» wëllen ze sichen, wier ganz schwéier.

Beim Staat ginn et doriwwer eraus all Joers 50 zousätzlech Poste fir Leit mat engem Handicap. D'Verdeelung leeft iwwert eng Prioritéitelëscht. Déi Plaze géing d'ADEM och ëmmer séier besat kréien. Fir d'Patrone gëtt et dann och finanziell Hëllefen, esou wéi d'Méiglechkeet vun engem Stage ouni Engagement, ier een e Kontrakt mam Salarié ageet. Bei der ADEM selwer hunn iwwregens 23 Prozent vun de Leit, déi do schaffen, de Statut "Salarié handicapé". Et wéilt ee mam gudde Beispill virgoen, huet et am Interview nach geheescht.

Et sollt een am Beschte mat oppene Kaarte spillen

Generell géife vill Leit hire Statut probéieren ze verstoppen. De Rollstull, respektiv de motoreschen Handicap, wier längst net méi déi problemateschsten Beanträchtegung. Rezent wiere ganz vill psychesch an net visibel Handicappen dobäikomm. Et sollt ee generell mat oppene Kaarte spillen, heescht et bei der ADEM. Dat géing och d’Vertrauens-Basis mam Patron stäerken. Doriwwer eraus ginn et och finanziell Hëllefen.

„Et gi relativ vill intressant Aidë fir de Patron. Et ass och eng Saach vun der Vertrauensbasis. An deem Fall géif de Patron warscheinlech och besser verstoen, firwat säi Salarié eemol de Mount am Krankeschäin ass. Wann e wéisst, datt säi Salarié eng Auto-immun Krankheet huet, well e muss e Baxter kréien. Eng éierlech Relatioun hëlleft do meeschtens.“

Fir de Candido steet fest, hie wëll – esou séier ewéi méiglech - nees schaffen. Och e Lycéesdiplom soll iwwert déi nächst Joren an Owes-Kueren nogeholl ginn, an der Hoffnung, dass dat seng Situatioun um Aarbechtsmarché verbessert. Als Receptionnist, wéi op senger leschter Aarbechtsplaz, kéint hie sech gutt virstellen nees unzefänken. Eng nei Aarbecht fannen, wier säi But.

"Méi kann ech net wënschen."