Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Aarbechtszäitorganisatioun: Aarbechtsminister Georges Engel : "Mir schaffen drun"

Déi lescht Jore gouf et eng enorm Entwécklung an der Aarbechtswelt. Aarbechtsgewunnechten hu geännert.

Iwwer d'Aarbechtszäitorganisatioun ass en Dënschdeg de Mëtteg an enger Aktualitéitsstonn an der Chamber geschwat ginn. Fir d'CSV sot de Marc Spautz, datt d'Sozialpartner missten diskutéieren, wärend d'Politik fir de legislative Kader suergt. An do misst nogebessert ginn...

"Déi eng schwätze vu Reformstau, déi aner schwätzen: et geet net virun. Deemno wien der nolauschtert. Mä datt der endlech géift den Ustouss huelen, fir mat de Sozialpartner déi Projeten unzegoen. Fir eng Moderniséierung vum Aarbechtsrecht. A virun allem – an dat wëll ech ënnersträichen – datt Kollektivvertragsgesetz a verschiddene Punkten misst ugepasst ginn."

Mir schaffen drun, huet den LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel geäntwert. Et wär eng kruzial Fro fir d'Wirtschaft. Seng Partei huet an der Fraktioun d'38-Stonne-Woch an hie war sech eng Entreprise ukucken, déi elo 8 Stonne "Quality Time" de Mount agefouert huet.

"Dës Entreprise huet wéi sou vill aner agesinn, datt glécklech a motivéiert Mataarbechter de Garant si fir de Fortschrëtt vun hirer Entreprise. A wéi der wësst, ass eis Aarbechtswelt extrem diversifiéiert. De Modell, deen an engem Secteur vun enger Entreprise ideal ass, dee kann net adaptéiert si fir en aneren."

Egal wéi dierft bei kengem Aarbechtszäitmodell de Salarié verléieren. E Gesetz iwwer Plattform-Aarbecht soll deemnächst kommen. An der EU schaffen eng 30 Millioune Mënsche fir digital Plattforme wéi Uber oder Firmen, déi Iesse liwweren. Als Selbststänneger an ouni gutt Aarbechtskonditiounen.