Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Abléck a geheim Akten: D'Queen hat sech op däitscher Staatsvisitt Päerd am Wäert vu 60.000€ gewënscht

D'Visitt vun der Queen Elizabeth II. an Däitschland am Joer 1978 war spektakulär. Spektakulär waren och hir Wënsch, wat elo aus geheimen Akten ervirgeet.

Dës Dokumenter ware bis ewell ënner Verschloss, de "Spiegel" krut awer lo en Abléck dausende Blieder vun dësen Akten. Dorënner waren deemno och Notten ze fannen iwwer d'Treffen tëscht der Monarchin mat de Bundespresident a Kanzler, Bréiwer vun der Queen an hire Beroder souwéi Ënnerlage vum Protokoll.

Hat ee bis ewell gemengt, just berüümte Stars hätte speziell Extrawënsch, déi hu ganz sécher och Royals. Bei der Staatsvisitt vun der Queen am Mee 1978 hat d'Elizabeth II. ganz genee Virstellunge vun hirem Gaaschtgeschenk. Vum deemolege Bundespresident Walter Scheel (am Amt vun 1974 bis 1979) huet sech d'Queen zum Beispill zwee Päerd schenke gelooss, genee no hirer Virstellung: Holsteiner, "net ze hell, op kee Fall däischter" an e Schëmmel, "méiglechst wäiss, awer op kee Fall däischtert Gro".

Dee Wonsch krut si erfëllt an d'Bundesregierung huet d'Déieren am Wäert vun ëmgerechent 60.000 Euro als Kaddo fir déi brittesch Monarchin kaaft. Dem "Spiegel" no hat nach keen anere Staatschef esou ee wäertvolle Kaddo kritt. De Bundesrechungshaff war op alle Fall alles anescht wéi amused.

Weider geet aus den Dokumenter ervir, dass et zu Onstëmmegkeeten hannert  de Kulisse koum. D'Kinnigin hat am Oktober 1992 bei hirer Däitschland-Visitt eng Ried geplangt. Zum Optrëtt koum et allerdéngs net. D'Decisioun wier eng Saach vum Bundestag gewiescht , huet et do just geheescht, an de Bundeskanzler Helmut Kohl (CDU) wäert sech "net amëschen".
En Dokument weist dem Bericht no awer, dass dat net stëmmt. Aus engem Bréif vum Referatschef vum deemolege Bundeskanzler Kohl hat de Kanzleramtchef Friedrich Kohl eng Nott drop geschriwwen, dass de Kohl sech géint de Wonsch vun der Queen ausgeschwat hat.

Dës Woch, iwwer 30 Joer méi spéit also, soll elo mam neie Kinnek Charles III. fir eng éischte Kéier e brittesche Monarch virum däitsche Parlament schwätzen. De Kinnek ass vum 29. bis den 31. Mäerz an Däitschland op Staatsvisitt.