Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Actioun Lëtzebuergesch": Wat maachen d'Parteie fir d'Lëtzebuerger Sprooch?

"Actioun Lëtzebuergesch"

10 Parteien a Wal-Lëschten hunn der Associatioun Äntwerte geschéckt.

Dir fannt d'Äntwerten hei

Hei dat offiziellt Schreiwes

Viru 5 Joer hu Vertrieder vun eiser Vereenegung sech virun de Chamberwalen 2018 mat alle Parteien, déi deemools an der Chamber vertruede waren, zesumme gesat fir driwwer ze schwätzen, wéi déi Lëtzebuerger Sprooch an der Zukunft weider gefërdert kéint ginn. Verschidde Punkten, déi mir deemools mat den eenzele Parteie beschwat haten, sinn haut Realitéit: Lëtzebuergesch an der Constitutioun, Lëtzebuergesch um Convocatiounsbréif fir d’Walen, obligatoresch Lëtzebuergesch Coursen an den internationale Schoulen, asw.

Fir d’Chamberwalen 2023 hate mir äis eppes Aneschtes iwwerluecht: mir hunn all d’Parteien an all d’Wal-Lëschte kontaktéiert déi fir d’Walen 2023 zougelooss gi sinn, also net just déi, déi an der Chamber vertruede sinn, a hu si gefrot äis 6 Froen ze beäntwerten. Anescht wéi nach 2018, hu mir elo all eis Memberen iwwer d’Positioun vun de Parteien an deenen eenzele Froen informéiert a ginn heimat och e Pressecommuniqué eraus.