An der Tierkei war et e Freideg den Owend zu engem Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,8 op der Richterskala komm.
Wéi et um spéide Samschdegowend vum marokkaneschen Inneministère geheescht huet, wier d'Zuel vun den Doudesaffer antëscht op 2.012 geklommen. Op mannst 2.059 Mënsche wiere blesséiert ginn, 1.404 géife sech a Liewensgefor befannen.
Am schlëmmste betraff wieren déi ländlech Regiounen tëscht Marrakesch an Agadir. Well d'Dierfer heiansdo schwéier accessibel sinn, kënnt d'Hëllef deelweis nëmme lues dohin, wou se gebraucht gëtt. D'Leit ruffen am internet dozou op, hinnen ze hëllefen; Familljemembere léichen nach ënnert den agestierzten Haiser.
Nach huet déi marokkanesch Regierung net no internationaler Hëllef gefrot. D'EU, D'USA, an d'Vereenten Natiounen hätten déi awer ewell versprach.
Am Maroc gëllt fir déi nächst 3 Deeg eng Staatstrauer.