Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien: Mëttlerweil ass offiziell vun iwwer 8.100 Doudesaffer rieds

De Bilan no den Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien klëmmt weider. Och Lëtzebuerg schéckt Hëllef an déi betraffe Regioun.

Am tierkesch-syresche Grenzgebitt hunn déi Iwwerliewend vun den uergen Äerdbiewen déi zweet Nuecht musse bei äisegen Temperature verbréngen.

Et wier elo eng Course ëm d'Zäit, well et net genuch Nout-Logementer gëtt, wou d'Leit sech kéinten opwiermen, sot de Chef vun der Weltgesondheets-Organisatioun Tedros Adhanom Ghebreyesus. Vill Leit wéilten awer och net an Gebaier eran, aus Angscht virun engem neie Biewen.

Den offiziellen Afferbilan aus der Tierkei an aus Syrien beleeft sech mëttlerweil op 8.100 Doudeger an iwwer 40.000 Blesséierter. Eleng an der Tierkei si méi wéi 5.800 Mënsche gestuerwen, eng 34.000 Leit goufe blesséiert, wéi den tierkesche Vizepresident Oktay matgedeelt huet.

Dat sinn awer weider just provisoresch Zuelen, well ganz vill Leit nach ëmmer ënnert de Ruine vu Gebaier déi an de Koup gefall sinn, vermësst ginn. Mëttlerweil hunn eng 70 Länner der Tierkei hir Hëllef ugebueden. Och Lëtzebuerg huet schonn eng Persoun an d'Kriseregioun geschéckt.

A Syrien léisst d'Hëllef fir déi Betraffen iwwerdeems méi laang op sech waarden. En UNO-Spriecher sot zu New York, de Verkéier vun der Tierkei a Richtung Syrien géif iwwer deen eenzegen oppene Grenziwwergang just lues virugoen, och wéinst Schied un der Strooss. Et wier Zäit, "d'Politik op der Säit ze loossen a sech op dat ze konzentréieren, wat dréngend gebraucht gëtt", esou de Stéphane Dujarric.

D'EU huet via hire Katastrophe-Mechanissem Ekippe ronn 1.200 Spezialisten a medezineschen Hëllefsteams a Rettungshënn mobiliséiert.

D'ONG vum arabeschen Hallefmound huet iwwerdeems un de Westen appelléiert, hir Sanktioune géint de syresche Regime op d'mannst zäitweis auszesetzen, fir dass d'Hëllef besser an de Norde vum Land kéint kommen. Um geopoliteschen Niveau ass d'Situatioun schwiereg: D'Regioun, an där ganz vill Refugiéë liewen, gëtt deels vu Rebellen, deels vun der Assad-Regierung kontrolléiert.

Am Liveticker vun RTL Today fannt Dir déi rezentst Nouvellen iwwert d'Situatioun an der Tierkei an a Syrien.
Wéi d'Situatioun um Dënschdeg war, kënnt Dir hei noliese goen.

Hëllef aus Lëtzebuerg

Och Lëtzebuerg schéckt Hëllef: En Dënschdeg den Owend ass e Spezialist vum Asazgrupp fir humanitär Interventioune vum CGDIS, deen Expert fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien ass, fir eng humanitär Missioun an d'Tierkei gereest.

De Paul Schroeder am RTL-Interview

An der Regioun, déi am schwéierste betraff ass, wäert de Spezialist zesumme mat engem Team vun de Vereenten Natiounen op der Plaz déi international Hëllef koordinéieren an d'Telekommunikatioun vun de Secouristen assuréieren. Dat hat de Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS, schonn en Dënschdeg am RTL-Moiesjournal erkläert. Am Communiqué vum CGDIS fannt Dir nach méi Detailer iwwert d'Missioun an der Tierkei. Rettungshënn ginn awer keng geschéckt.

Spezialist vum CGDIS flitt fir humanitär Missioun an d'Tierkei

Den Alain Lang ass Expert fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien. Zesumme mat engem Team vun der UNO wäert hien d'international Hëllef koordinéieren.

No den aktuellen internationalen Standard-Prozeduren am Rettungswiesen, sinn dës nämlech mëttlerweil a gréisser Rettungsekippen integréiert. Dat wier extreem personal-intensiv. Dowéinst hätt sech Lëtzebuerg an de leschte Joren op Nische spezialiséiert an op den Asaz vu klengen Ekippe vun Experten.

De Spezialist Alain Lang ass deemno en Dënschdeg den Owend op Adana geflunn, eng gutt 200 km vum Epizentrum vum Biewen ewech. Am Gepäck hat hien e sougenannten "Emergency.lu" - eng Zort opblosbare Satellit, deen iwwerall op der Welt bannent e puer Stonnen eng Telefons- an Internetverbindung op d'Bee stelle kann. Lëtzebuerg huet sech op déi Nisch spezialiséiert, well ee fir Sichekippen net genuch Personal hätt. Wat de fräiwëllege Pompjee op der Plaz erwaart, konnt hien nach net soen.

RTL

© Luc Rollmann

Spendenopriff

No de schroen Äerdbiewe brauchen d'Mënschen an der Tierkei an a Syrien séier Hëllef. Dofir hunn eng Partie Hëllefsorganisatioune Spendenopriff lancéiert. D'Opriff fannt Dir, wann Dir hei ënnendrënner op de Banner klickt.

RTL