Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Äerdbiewen an der Tierkei: Iwwer 600 Doudeger an immens vill Blesséierter, och a Syrien

Dat ass de provisoresche Bilan, nodeems et an der Nuecht op e Méindeg e puer Äerdbiewen am Süd-Oste vun der Tierkei gouf.

Den Epizenter vum stäerkste Biewen, dat mat 7,9 Punkten op der Richterskala gemooss gouf, louch no bei der Stad Gaziantep. An där Regioun wier de Schued och am Gréissten. An der Tierkei sinn engem leschte Bilan no op d'mannst 280 Leit gestuerwen an iwwer 2.000 wiere blesséiert ginn, esou de Vizepresident Fuat Oktay. D'Hëllefsorganisatioun SAMS, déi an der vu Rebelle kontrolléierter Géigend a Syrien schaff, mellt iwwer 100 Doudesaffer.

RTL

Den tierkeschen Inneminister Soylu huet confirméiert, dass Rettungsekippen aus dem ganze Land an déi betraffe Géigende wäerte geschéckt ginn.

De Bilan dierft weider klammen, well op Biller ze gesinn ass, dass vill Gebaier an de Koup gefall sinn.

Och den Nord-Westen vu Syrien wier betraff. Och hei si Gebaier zerstéiert, an et gi Leit vermësst. Hei ass bis ewell och scho vun iwwer 230 Doudege rieds.

Et war dat schwéiert Äerdbiewen zanter 1999 an der Tierkei. Deemools war et an Regioun ëm déi nordwestlech Industriestad Izmit e Biewe vu 7,5 op der Richterskala. Iwwer 17.000 Mënsche waren ëm d'Liewe komm.

Fir déi gréisste Stad an der Tierkei Istanbul erwaarde sech Experten an noer Zukunft och e staarkt Biewen.