Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Äerdbiewen an der Tierkei: Zuel vun Doudege klëmmt op iwwer 2.300, Spendenopriff si lancéiert

Dat ass de provisoresche Bilan, nodeems et an der Nuecht op e Méindeg an e Méindeg de Mëtteg e puer Äerdbiewen am Südoste vun der Tierkei gouf.

Den Epizenter vum stäerkste Biewen, dat mat 7,8 Punkten op der Richterskala gemooss gouf, louch no bei der Stad Gaziantep. An där Regioun wier de Schued och am Gréissten.

Wéi de President Recep Tayyip Erdogan matdeelt, goufen et eleng an der Tierkei 1.500 Doudesaffer. Iwwer 7.000 Mënsche goufen offiziellen Informatiounen no blesséiert.

Fir Syrien ginn iwwer 800 Doudesaffer gemellt an iwwer 2.200 Blesséierter an ënnerschiddleche Provënzen.

RTL

Den tierkeschen Inneminister Soylu huet confirméiert, dass Rettungsekippen aus dem ganze Land an déi betraffe Géigende wäerte geschéckt ginn.

De Bilan dierft weider klammen, well op Biller ze gesinn ass, dass vill Gebaier an de Koup gefall sinn. Eleng an der Tierkei sollen op d'mannst 1.700 Gebaier zesummegefall sinn.

Um Méindeg an der Mëttesstonn koum d'Meldung, dass et an der selwechter Regioun zu engem weideren Äerdbiewe vu 7,5 op der Richterskala koum.

Solidaritéit

Aus dem Ausland hunn dann och schonn e sëllege Länner Hëllef zougeséchert. Griicheland wäert Rettungsekippen an d'Regioun schécken, oder wann et tëscht béide Länner gréisser Spannunge ginn. Och Israel an Italien hu schonn humanitär Hëllef versprach.

Och vun den aneren NATO-Partner gëtt Hëllef an d'Tierkei geschéckt. Déi Alliéiert wieren amgaangen Ënnerstëtzung ze mobiliséieren, huet den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg via Twitter wësse gedoen.

Et war dat schwéiert Äerdbiewen zanter 1999 an der Tierkei. Deemools war et an der Regioun ëm déi nordwestlech Industriestad Izmit e Biewe vu 7,5 op der Richterskala. Iwwer 17.000 Mënsche waren ëm d'Liewe komm.

Fir déi gréisste Stad an der Tierkei Istanbul erwaarde sech Experten an noer Zukunft och e staarkt Biewen.

Spendenopriff

Fir d'Leit op der Plaz sou séier a beschtméiglech ze ënnerstëtzen, huet d'Croix-Rouge e Spendenopruff lancéiert. An der Regioun vu Gaziantep soll et déi nächst Nuecht bis -6° Celsius kal ginn. Dausende Leit hu keen Daach iwwert dem Kapp a brauchen dréngend Hëllef.

Kommunikatioun: "Séisme Turquie/Syrie"
Konto: CCP LU52 1111 0000 1111 0000

D'Caritas ass zanter bal 10 Joer a Syrien an deem Gebitt am Asaz, dat och elo vum Äerdbiewe getraff gouf. Am November an Dezember goufen hei eng 30.000 Moolzechten u Leit verdeelt, déi virum Krich geflücht waren. Elo gëtt d'Situatioun do elo nach méi prekär. An enger éischter Phas huet d'Caritas elo scho 50.000 Euro deblockéiert, fir dat néidegst besuergen ze kënnen (Iessen, Decken, Medikamenter, etc...). D'Spenden déi gesammelt ginn, gi souwuel a Syrien, wéi och an der Tierkei agesat.

Kommunikatioun: "Tremblement de terre"
Konto: CCPL LU34 1111 0000 2020 0000

CARE ass och schonn op der Plaz an de Rami Araban schwätzt vu katastrophalen Zoustänn.

"C'était très effrayant et ça ne s'est tout simplement pas arrêté. J'ai cru que toute la ville allait s'effondrer. Actuellement, je n'ai plus que 13 pour cent de batterie, il n'y a pas d'eau et nous sommes dehors dans la neige par des températures négatives. Les gens pleurent. Tout le monde a peur. Pour les enfants et les personnes âgées, la situation est particulièrement difficile. Les répliques sont très violentes et tout le monde craint que le prochain bâtiment ne s'effondre, c'est pourquoi personne n'ose entrer". 

Nodeems CARE humanitäre Asätz an der betraffener Regioun huet, gëtt et och hei e Spendenopruff.

Kommunikatioun: Urgence Turquie/Syrie
Konto: BCEE LU85 0019 2955 6050 3000