Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Äerdschëff: Dat ëmweltfrëndlechst Haus aus Lëtzebuerg

Se gesi futuristesch aus, se sinn immens ëmweltfrëndlech an d’Iddi kënnt vum amerikaneschen Architekt Mike Reynolds.

E sougenannten "Earthship" ass e Gebai, dat net ugeschloss ass a säin eegenen Zyklus geréiert. Fir et ze bauen, ginn och nëmmen natierlech Materialie genotzt. Eng 2.000 där Ärdschëffer ginn et weltwäit an eent steet elo och zu Lëtzebuerg. Et ass dat éischt Äerdschëff am Grand-Duché an et huet eng 1,4 Milliounen Euro kascht. D’Iddi vum éischte Lëtzebuerger Äerdschëff ass 2014 entstanen. Deemools hat ee kee Land a keng Finanzementer. 2019 hat een dunn all d’Autorisatiounen an et konnt een endlech ufänke mat bauen.

D’Äerdschëff steet um Site vum Atert Lycée an et setzt ee virop op d’Zesummenaarbecht mat deene Jonken. D’Schüler a Schülerinnen aus dem Lycée kommen nämlech reegelméisseg bis an d’Äerdschëff an huelen do un Atelieren deel. Si hunn ënnert e groussen Deel vum Bausseberäich amenagéiert, dorënner de Gaart oder den Drot ronderëm de Site.

D’Iddi, fir sou en ëmweltfrëndlecht Haus, hat de CELL (Center for Ecological Learning Luxembourg). Zesumme mat 40 Fräiwëlleger hu si d’Haus gebaut, deemools sinn och Professioneller, déi d’Konzept vun den Earthships gutt kannt hunn, op Lëtzebuerg komm an hu gehollef. Besonnesch ervirhiewe muss en awer, datt d’Zesummenaarbecht mat jonke Leit beim Bau vum Äerschëff schonn eng grouss Roll gespillt huet an och an Zukunft wäerten hei nach vill Jonker Wësse ronderëm d’Thema Kreeslafwirtschaft bäibruecht kréien. Dat sinn och d’Grënn, wisou ee vrun e puer Wochen de Jugendpräis an der Kategorie “One for the Planet” vum Service National de la Jeunesse krut.  E Präis, deen all zwee Joer vergi gëtt.