Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Aggressiven Drängler op der A13: Onbekannte schléit Fënster vun Auto an, attackéiert Chauffer a mécht Farerflucht

D'Police sicht no engem Tëschefall e Mëttwoch géint 15.50 Auer op der A13 no engem Onbekannten, deen am Trafic d'Nerve verluer hat.

E Mëttwoch stoungen nawell vill Leit am Stau. Och op der Collectrice war e Mëttwoch am Nomëtteg eppes méi lass. Esou ee Stau schléit dann och op d'Gemitt vu munch engem.

Géint 15.50 Auer gouf e Mann op der Collectrice Affer vu Gewalt. Hie war mat sengem wäisse Peugot, Modell Ion mat Lëtzebuerger Placken - wéi d'Police präziséiert - op der A13 a Richtung Esch ënnerwee. Kuerz hannert der Opfaart Keel, wéi de Mann op der Iwwerhuelspuer war, ass en Auto ugefuer komm an de Chauffer huet ugefaangen ze drängelen. Iwwerdeems et nëmme lues weidergaangen ass, ass den Onbekannten nieft de Mann gefuer, ass stoe bliwwen an huet probéiert d'Autosdier opzerappen. Um Enn huet de Mann d'Fënster ageschloen an huet zougeschloen. Nom Ugrëff ass den Onbekannte fortgefuer.

Et handelt sech beim Gefier vum Aggresseur ëm en däischtergroen SUV (Gréisst Inoiq oder Kodiaq) mat onbekannte Placken. De Mann soll ëm 50 Joer al sinn, ass korpulent an ongeféier 1,70 grouss. Hien huet eng Hallefglatz an hat e Brëll un.

Sämtlech Informatioune si fir d'Police Réiserbann um Nummer (+352) 244 61 1000 oder per E-Mail op [email protected].