Akafen an der Epicerie sociale
D'Rechnunge bezuelen oder Iesse fir d'Famill kafen? Fir Leit, déi op d'Epicerie sociale ugewise sinn, ass dës Fro Alldag.
Cent Buttek / Reportage Monica Camposeo
Duerch d'Inflatioun wier d'Demande iwwert e Joer gekuckt ëm 25 Prozent geklommen. Ëmmer méi dacks géingen och Leit kommen, déi eng Aarbecht hunn, krute mir am Cent Buttek zu Beetebuerg gesot. Fir an enger Epicerie sociale dierfen anzekafen, muss een eng entspriechend Kaart hunn, op där och steet, wéi grouss de Stot ass. Et soll fir jidderee genuch do sinn, dowéinst ginn d'Liewensmëttel vun de Benevolle fair verdeelt. De Client bezilt symbolesch 2€. De President vun der Cent Buttek ASBL, den Arthur Besch, präziséiert awer, dass et och mol géing virkommen, dass Leit déi Zomm net kënne bezuelen. Heiansdo géing den Office social op der Kaart och präziséieren, dass net no den 2 Euro soll gefrot ginn, well d'Persoun déi net kéint opbréngen.
D'Profiller vun de Beneficiairë si ganz ënnerschiddlech. Op der Sich no enger Aarbecht oder an der Prozedur fir d'Pension d'invalidité ausbezuelt ze kréien. Déi meeschte Leit wollten net an de Mikro schwätzen, eng Partie ënnert hinne soten, dass si trotz Aarbecht net all d'Käschte kéinte bezuelen.
Liewensmëttelkollekt geet net méi duer
500 Famillje passéiere pro Mount eleng am Beetebuerger Cent Buttek. Am ganze profitéieren eng 1.800 Persoune vun de Liewensmëttel. D'Associatioun huet nach ee Buttek an der Stad an een zu Péiteng. D'Liewensmëttel ginn déi benevole Mataarbechter bei agreéiert Supermarchéë sichen. Den Arthur Besch bedauert awer, dass et mat der Kollekt net méi géing duergoen. Aktuell misst d'Cent Buttek ASBL souguer selwer Liewensmëttel akafen, fir dass d'Beneficiairë genuch kënne kréien. Déi Benevolle froe sech, wéi laang dat nach opgeet.
Fir den Arthur Besch misst eng grouss Revisioun vun der Sozialpolitik gemaach ginn. "Fir deem Misär do – wat een och sou ka soen als Misär – fir deem iergendwéi en Enn ze maachen."