Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Aktuell Corona-Situatioun: Alles am grénge Beräich, seet d'Paulette Lenert

Wa keng Variant kéim, déi méi krank mécht, géifen déi aktuell Mesuren duergoen, sou d'Gesondheetsministesch.

"Mir beweegen eis am grénge Beräich", dat sot d'LSAP-Gesondheetsministesch e Samschdeg am Interview mam Tageblatt iwwert déi aktuell Lag vun der Corona-Pandemie. Ob d'Mesurë misste verstäerkt ginn, kéint elo kee viraussoen. Sollt méi eng schlëmm Variant kommen, géint déi d'Impfunge manner wierken, da misst een erëm méi virsiichteg ginn. Et hätt een och schonn en Noutfallplang mat méi strengen Aschränkungen.

Den Ament géif deen awer net gebraucht, sou d'Paulette Lenert. Dat aktuell Covid-Gesetz leeft nach bis Enn Oktober.

An eiser Emissioun "Dir hutt d'Wuert" hat de Santésdirekter Jean-Claude Schmit dës Woch duerchblécke gelooss, d'Impfungen kéinte geschwënn fir jiddereen och ënner 60 Joer opgemaach ginn.