Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Alkohol am Spill: Mann schléit op Policegefier an a kënnt a Passage-Arrest

Ugefaangen hat dat Ganzt mat engem Accident zu Hollerech, bei deem sech déi involvéiert Persounen net eens waren.

E Sonndeg hat et am fréien Owend zu Hollerech gerabbelt. Béid Parteie goufe sech nom Accident net eens an d'Police gouf geruff. D'Beamten hu misste feststellen, datt ee vun de Protagoniste wuel ze vill gedronk hat.

Den Alkoholtest war positiv. De Mann gouf mat op de Büro geholl, hie krut de Fürerschäin ofgeholl an eng Plainte gouf gemaach.

Bei der Sortie aus dem Kommissariat huet de Mann randaléiert an huet ënner anerem op e Policegefier ageschloen. Hie gouf doropshin an de Passage-Arrest bruecht.

Op der A4 da krut d'Police e Sonndeg den Owend géint 19.30 Auer een Automobilist gemellt, deen am Zickzack a Richtung Stad ënnerwee war. D'Gefier konnt kuerz drop gestoppt ginn. De Mann huet kloer Unzeeche vun engem ze héijen Alkoholkonsum gewisen. Well dësen awer net kooperéiere wollt, krut hien de Permis ofgeholl an eng Plainte gouf geschriwwen.

Géint 19.15 Auer gouf dann nach zu Leideleng een Automobilist gestoppt. Och hei war Alkohol am Spill. Well de Chauffer virun e puer Méint schonn emol wéinst ze vill Alkohol hannert dem Steierrad erwëscht gi war, gouf de Parquet informéiert. Den Auto gouf doropshi séchergestallt, de Führerschäin agezunn an e Fuerverbuet ordonéiert.

An dann ass nach eng Automobilistin opgefall, déi der Police d'Virfaart an engem Rond-point zu Mäertert geholl huet. Och si hat ze vill gedronk, sou datt de Permis fort ass an eng Plainte geschriwwe gouf.