Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Alkohol um Steier: Fra mat hirem Won op Tramsschinnen ënnerwee, e Mann hat d'Busspuer geholl

Fir d'Police war an der leschter Nuecht eng méi lass: Et goufe vill Permisen agezunn a Protokoller geschriwwen.

Géint 23.30 Auer hat zu Sandweiler eng Automobilistin, déi ze déif an d'Glas gekuckt hat, zwee Ween ze pake kritt, déi nieft der Strooss ofgestallt waren. Den Accident gouf opgeholl an hire Permis agezunn.

Eng Stonn méi spéit si Polizisten an der Stad eng Persoun opgefall, déi mat hirem Auto iwwert d'Busspuer um Boulevard Royale an och méi spéit an d'Côte d'Eich, wou si net hin dierft, gefuer ass. Bei der Kontroll koum eraus, datt de Chauffer ze vill gedronk hat, säi Führerschäin war och fort.

Bei enger Kontroll zu Aassel gouf kuerz viru 4 Auer e Won gestoppt, well dëse mat 65 Kilometer an der Stonn amplaz 50 ënnerwee war. Well de Chauffer och nach en ze héijen Alkoholpeegel hat, huet d'Police de Permis do behalen.

Zu Esch war da géint 4.30 Auer en Automobilist mat sengem Gefier de falsche Wee an enger Einbahn ënnerwee an hien hat eng rout Luucht ignoréiert. Och hei war de Permis wéinst alkoholiséiertem Fuere fort.

Kuerz drop ass tëscht Capellen a Mamer en Auto opgefall, dee keng Luuchten un hat. An och hei war Alkohol am Spill an de Führerschäin huet missten agezu ginn.

Um 6 Auer da war eng Automobilistin an der Avenue de la Liberté an der Stad op den Tramsschinnen ënnerwee. Och si hat ze vill gedronk, esou datt si net méi mat hirem Auto dierft weiderfueren an de Permis huet misste bei de Beamte loossen. Scho kuerz virdrun haten d'Stater Polizisten enger weider Persoun de Führerschäin um Boulevard Joseph II ofgeholl.