Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Am Alter vu 79 Joer: D'Sängerin vu "Fleetwood Mac" Christine McVie ass dout

Kultur News - Am Alter vu 79 Joer
RTL

D'Christine McVie, déi e puer vun de bekannteste Lidder vu Fleetwood Mac geschriwwen huet, ass am Alter vu 79 Joer gestuerwen, wéi d'Famill matdeelt.

Déi brittesch Sängerin huet Lidder wéi Little Lies, Everywhere, Don't Stop, Say You Love Me a Songbird komponéiert.

Si hat Fleetwood Mac 1998 no 28 Joer verlooss, fir 2014 nach eng Kéier erëmzekommen.

D'Christine McVie ass am Spidol am Krees vun der Famill gestuerwen.

RTL