Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Am August: 205 Persounen hunn eng international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot

Déi meescht vun hinnen aus Syrien, Eritrea an Afghanistan, dat deelt den Immigratiounsministère e Méindeg mat.

101 Persoune kruten de leschte Mount de Flüchtlingsstatut unerkannt, vun 172 Decisiounen am Ganzen. 15 Leit goufen iwwert den Dublin-System an en anert europäescht Land zréckgeschéckt, 1 Persoun koum iwwert dee selwechten an de Grand-Duché. 15 Demandeure vun enger internationaler Protektioun goufen an e Land baussent der EU zréckgeschéckt am August, eng fräiwëlleg an eng forcéiert.

184 Flüchtlingen aus der Ukrain hunn eng temporär Protektioun ugefrot am August, iwwerdeems 6 Leit d'Demande zréckgezunn hunn. 145 Leit aus der Ukrain kruten d'temporär Protektioun accordéiert am August, 35 Leit krute se refuséiert.

PDF: Statistiques protection internationale

PDF: Statistiques protection temporaire