Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Am Ausland infizéiert: Neiséiland mellt säin éischt Tollwut-Doudesaffer iwwerhaapt

An Neiséiland kënnt Tollwut bei Déieren oder an der mënschlecher Bevëlkerung net vir. Bis elo. Et gouf en éischten Doudesfall.

Et ass den éischten Tollwut-Fall iwwerhaapt am Land. D'Affer hätt sech déi geféierlech Viruserkrankung am Ausland zougezunn, ma fir d'neiséilännesch Ëffentlechkeet géing awer keng Gefor bestoen, sou de Gesondheetsministère vum Land. An den zwee Spideeler, zu Whangarei an Auckland, an deenen d'Persoun behandelt gouf, sinn "d'Infektiounsschutzmoossnamen am vollen Ëmfang" ergraff ginn.

Iwwerdrounge vu Mënsch zu Mënsch sinn extrem seelen, quasi onbekannt. Dohier géif och keng Gefor fir d'Bevëlkerung bestoen, heescht et weider vum Ministère. An Neiséiland géif Tollwut guer net virkommen, weder beim Déier, nach beim Mënsch. An dësem Fall géif sech och näischt um Tollwut-fräie Status vum Land änneren.

De Chef vun der Gesondheetsagence Nick Jones warnt awer, dass an e puer anere Länner vun der Welt dëst net de Fall wier an do Tollwut duerchaus virkéim. Neiséilänner hätten dowéinst besser, sech géint dës Viruserkrankung impfen ze loossen, ier se an e Risikogebitt reesen.

Tollwut gëtt duerch Déierebëss iwwerdroen. Bei Net-Geimpfte besti kaum Heelungschancen, ass d'Krankheet bis ausgebrach. Dacks gëtt een nach nogeimpft, gouf ee vun engem Déier gebass.