© RTL Archivbild
Géint 1.40 Auer en Dënschdeg de Moie war enger Patrull vun der Police am Garer Quartier an der Stad e Mann opgefall, ëm deen e puer Persoune stoungen.
Wéi si de Mann doropshi weider beobacht hunn, konnten d'Beamte gesinn, ewéi hien enger anerer Persoun Droge verkaf hat. Wéi si de Mann doropshin kontrolléiert hunn, konnte si 21 Bullen Heroin a 17 Bulle Kokain a senger onmëttelbarer Géigend sécherstellen.
D'Drogen, dem Mann säin Handy an d'Suen, déi hie bei sech hat, goufe saiséiert an de presuméierten Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.