Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Am Grand-Duché: Lokal Communautéite musse méi an den Tourismus matabezu ginn

De Lëtzebuerger Tourismus huet vill Atouten, wéi eng grouss kulturell Offer an eng schéi Landschaft. Ma et gëtt nach eppes, wat mir besser maache kéinten.

Wann op e Sommet invitéiert gëtt, dann heescht dat, dass alleguerten déi wichteg Acteuren aus engem Secteur beienee kommen. Sou wéi dat och hei de Fall war fir den Tourismus.

De Marc Angel, President vum LCTO betount, et wier wichteg Experten aus dem Ausland ze invitéieren, fir dass déi sech kënne mat den Experten hei am Land austauschen an een esou en aneren Input vu bausse kritt. Ee vun den Experte war de Matthias Schultze, deen erkläert huet, d‘Tendenz géif dohinner goen, dass Leit, déi un Eventer deelhuelen, méi laang an enger Stad bleiwen. Déi duerchschnëttlech Dauer vun engem Openthalt wier vun 1,4 op 1,7 Deeg eropgaangen. Dat privat a berufflecht Liewe géife sech vermëschen. No enger Déngschtrees nach 1-2 Deeg méi laang op enger Plaz ze bleiwen, wier hautdesdaags kee Problem méi, well een net méi sur place schaffe misst.

Een Thema dat ëmmer nees um Sommet ugeschwat gouf, war dat vum Sammele vun Daten. Fir dass ee weess, wie seng Zilgrupp ass. Den Olivier Ponti, Speaker um Sommet sot, all Entreprise am Tourismussecteur soll hir Daten asetzen, déi se schonn hunn an dann och kucken, wéi eng Donnéeë feelen.

Lëtzebuerg hätt, wat den Tourismus ugeet, dann och ganz vill Atouten: eng grouss kulturell Offer, en architektonesche Patrimoine an eng schéi Landschaft, fir nëmmen déi ze nennen.

Et sollt een awer och net vergiessen, dass et nach eppes gëtt, wat een den Experten no kéint besser maachen: andeems déi lokal Communautéiten méi abezu ginn, fir dass déi als Ambassadeur gëllen. D’Diversitéit vun der Populatioun hätt e groussen Impakt op den Tourismus.