Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Am Interview: Den neie Rekter vun der Uni Lëtzebuerg, de Jens Kreisel

D'Caroline Mart huet mam studéierte Physiker a Materialwëssenschaftler ënnert anerem iwwert déi zukünfteg Projete vun der Uni Lëtzebuerg geschwat.

Zanter dem 1. Januar ass de Jens Kreisel neie Rekter vun der Uni.lu, den éischten an der well bal 20 Joer aler Geschicht, deen aus den eegene Reie kënnt. Zanter 2012 ass hien zu Land a war scho Vizerekter a virun allem Fuerschungsdirekter vun der Uni.

De studéierte Physiker a Materialwëssenschaftler huet e CV, dee perfekt bei d'Uni passt, déi offiziell eng "Fuerschungsuni" ass, an natierlech och ganz multikulturell. Och dat bréngt den neie Rekter mat. De gebiertegen Dortmunder huet zu Karlsruhe, Grenobel an Oxford studéiert an ass extrem gutt vernetzt.

D'Uni hätt schonn Aussergewéinleches geleescht an opweises. Weiderentwéckele wëll den neie Chef virun allem d'Interdisziplinaritéit, d.h. iwwert Fachgrenzen ewech fuerschen an och international zesummeschaffen, net ze Lescht och bei technologeschen oder medezinesche Froen, an och iwwer ethesch Elementer nodenken.

Schwéierpunkte si Medezin oder Erzéiungswëssenschaften, och Nohaltegkeet an natierlech Digitaliséierung an alle Beräicher. KI, also kënschtlech Intelligenz géing een och viru ganz nei Méiglechkeeten, awer och vill nei Froe stellen an eng enorm Ëmwälzung mat sech bréngen. Do misst och d'Uni sech mat abréngen, net just an der Fuerschung, mä och an der Debatt an der Gesellschaft.

Wat den neie Rektor nach alles Wëlles huet, wat hien och als Mënsch auszeechent, wat d' Uni.lu de Studente bidde kann, doriwwer méi am laange Gespréich mam Jens Kreisel.

Neien Uni-Rekter: De kompletten Interview mam Jens Kreisel

Zanter dem 1. Januar ass de Jens Kreisel neie Rekter vun der Uni.lu, den éischten an der well bal 20 Joer aler Geschicht, deen aus den eegene Reie kënnt.