E Mann huet an enger Schoul am Weste vu Russland op d'mannst 9 Mënschen erschoss, eng sëllegen anerer goufe blesséiert.
Bei enger Schéisserei an enger russescher Schoul an der Stad Ischewsk am Weste vum Land sinn e Méindeg de Moien e puer Mënschen ëm d'Liewe komm, respektiv blesséiert ginn. Den nationalen Ermëttlungskommitee schwätzt vun 9 Doudegen, dorënner 5 Kanner, 2 Schoulmeeschteren an 2 Gardienen.
Den Inneministère vun der Republik schwätzt iwwerdeems vu 6 Doudegen an 20 Blesséierten.
The number of schoolchildren killed in today’s school shooting in Izhevsk, Russia, has increased to 5.
Some local media outlets report that the perpetrator was a mobilized soldier who didn’t want to go to Ukraine.
He shot himself during the massacre. pic.twitter.com/A5qmH8J41T
— Visegrád 24 (@visegrad24) September 26, 2022
Ënnert den Affer soll och de presuméierten Täter sinn. Wéi lokal Medie mellen, soll et sech ëm e Reservist handelen, dee sollt an d'Ukrain an de Krich geschéckt ginn. Dëst gouf awer nach net confirméiert.
Den Inneministère vun der Regioun huet awer bestätegt, dass de presuméierten Amokleefer sech no der Dot selwer erschoss huet. Zu den Hannergrënn hunn och si bis ewell nach keng Aussoe gemaach.