Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Amoklaf zu Nashville: Op mannst 6 Persounen an enger Schoul erschoss

Zu Nashville am US-Bundesstaat Tennessee huet eng Fra dräi Kanner an dräi Erwuessener erschoss. D'Police konnt d'Täterin neutraliséieren.

An enger chrëschtlecher Schoul zu Nashville am US-Bundesstaat Tennessee huet e Méindeg eng Fra sechs Persounen, dorënner dräi Kanner erschoss. Weider Persoune goufe blesséiert. Wéi et vun der lokaler Police heescht, wier d'Täterin erschoss ginn. Um 10:13 Auer hat d'Police gemellt kritt, datt Schëss an der Covenant School gefall wieren. Wéi d'Beamten op der Plaz waren, hätte Beamten d'Täterin ugegraff wat dës net iwwerlieft hätt, schreift d'Police op Twitter. Aus Virsiicht wieren aner Schoulen an der Staat gespaart ginn. An der Covenant School, déi 2001 gegrënnt gouf, ginn ongeféier 200 Schüler vun 33 Enseignanten ënnerriicht. D'Klasse reeche vun der Spillschoul bis zum 6. Schouljoer.