Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

An den Dokteschcabineten: De Paiement immédiat direct soll nach dëst Joer kommen

De Paiement immédiat direct fir d'Dokteschrechnunge soll nach dëst Joer kommen, sou de Minister vun der Sécurité Sociale Claude Hagen, géigeniwwer RTL.

Wann dat bis de Fall ass, brauch de Patient d'Rechnung beim Dokter net méi virzebezuelen.
Grad wéi an der Apdikt, wou de Patient just deen Deel vun der Rechnung bezilt, deen net vun der Gesondheetskeess rembourséiert gëtt, soll och d'Bezuelung vum Dokter an noer Zukunft oflafen, erkläert de Minister: "Do wäerten elo déi éischt Tester ulafen, souwuel bei sämtleche Professioune vun der Santé wou dat virgesinn ass. Mir fänke bei den Dokteren an Zänndokteren un an dann hoffe mer, datt dat Ganzt operationell wäert sinn um Enn vun dësem Joer."

Beim "paiement immédiat direct" bezillt de Patient just säin Deel vun der Rechnung. D'CNS kritt doduerch en informatescht Signal, dat automatesch d'Bezuelung vum Solde un den Dokter ausléist.

"Et ass e grousse Projet wou sämtlech Detailer musse gekläert ginn. Souwuel vun der Nomenclature, wéi de Remboursement, wéi och informatesch Problemer , wéi d'Installatioune bei den Dokteren an d'Updaten. Mir hu 6.800 Professiouns de santé iwwer Computer unzeschléissen."

De "paiement immédiat direct" ass awer just méiglech mat enger spezieller Software am Doktesch-Cabinet. Fir d'Medezinner ze incitéieren, dës installéieren ze loossen, wäert Agence "e-santé" fir d'Installatiounskäschten vun den Editeuren opkommen.

D'Software fir de remboursement accéléré, dee jo schonn zanter zejoert funktionéiert, hu bis ewell just wéineg Dokteren installéiert. Hei schéckt de Patient seng bezuelte Rechnung iwwer App un d'CNS a gëtt bannent e puer Deeg rembourséiert. Dëse System wäert weiderhi bestoe bleiwen. Grad wéi d'Méiglechkeet, seng Rechnung klassesch per Post anzeschécken.