Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

An den nächsten 10 Joer: Luxair wëll a muss investéieren a sech moderniséieren

D'Luxair-Direktioun muss elo d'Weiche fir déi nächst 20 bis 25 Joer stellen. Et geet ëm d'Iwwerliewen an engem ganz liberaliséierte Secteur.

"D'Luxair ass fir eis eng essentiell Gesellschaft", sou de Minister fir Mobilitéit François Bausch e Méindeg op der Aviatiounstripartite. Et kéime grouss Ëmstellungen op de ganze Secteur duer, Stéchwuert CO2-Reduktiounen. ''Dat an engem ganz liberaliséierten Ëmfeld, an deem d'Luxair gewëss sozial Standarden erfëllt."

Et muss moderniséiert ginn an dat wäert vill Geld kaschten.

Als Invité vun der Redaktioun huet de Generaldirekter Gilles Feith en Dënschdeg de Moien d'Beräicher genannt, wou investéiert muss ginn: vun neie Gebaier, iwwer d'IT, bis zur Flott. Déi haut zum Deel iwwer 16 Joer al Boeing 737, mat ze wéineg Sëtzplazen, hätt u sech schonn 2018 bis 2019 missen ersat ginn. Boeing, Embraer, Airbus, de Choix ass grad an dësen Zäite komplex.

"Airbus huet natierlech super Produiten, europäesch Produiten. Déi géifen eis ganz, ganz gutt passen. Mä et muss een natierlech kucken, an engem Secteur, wou d'Margë ganz, ganz kleng sinn, fir all Variabelen zesummenzekréien. Wéi fléie mer deen an eisem Reseau, dee Fliger? Wéi effizient ass deen an eisem Reseau? An dann ass et och esou: wat kascht deen? Well och do sinn awer gréisser Ënnerscheeder. An ech hoffen, dat mer do e gudde Konsens fannen, deen eis eng sou eenheetlech wéi méiglech Flott gëtt! Déi eis erlaabt, eis propper fir d'Zukunft ze preparéieren."

D'Zukunft ugeschwat, do wäert och kee Wee laanscht nei IT-Systemer féieren. Fir mat moderne Mëttel un de Client erunzegoen.

"Mir sinn eng Qualitéitsairline a mir mussen un deem Model festhalen, soss kënne mer net méi bestoen an dësem Secteur. Déi Qualitéit, déi heescht, dat mer dem Client Diversifikatioun, nei Produiten, nei Moyene ginn. Och op der Destinatioun besser mat him kommunizéieren. Zum Beispill, wann et ëm Excursioune geet. Dat musse mer fäerdegbréngen, fir kënnen d'Luxair erëm propper opzestellen, nei opzestelle fir d'Zukunft", sou de Gilles Feith.

Am Zäitalter vun der Automatisatioun wier am Cargo-Zenter eng Digitalisatioun blutt-noutwendeg, fir méi effikass ze ginn. Nieft der Maintenance fir d'Fliger géif och de Catering nei Gebailechkeete brauchen.

Et misst een evoluéieren a moderniséieren, fir d'Luxair frësch erauszebréngen, dat wäert vill Geld kaschten. Geld, wat d'Direktioun déi nächst 10 Joer mat eegene Mëttel opbrénge muss. Op der Tripartite war jidderee sech es bewosst, datt déi Nationalfluchgesellschaft viru groussen Defie steet, déi ee just zesummen am Dialoge ugoe kann.