D’lescht Joer huet d'EU d’Memberstaaten invitéiert, national Antisemitismus-Strategien auszeschaffen. Elo gouf de Lëtzebuerger Aktiounsplang presentéiert.
Attacken op Synagogen, oppenen Haass vis-à-vis vu jiddesche Matbierger oder Verschwörungstheorien, déi de Judden d'Schold un der Covid-Pandemie ginn... D'Zuel vun antisemittesche Virfäll huet déi lescht Joren uechter ganz Europa staark zougeholl. D'EU huet dowéinst d'lescht Joer all Memberstaat invitéiert, eng national Antisemitismus-Strategie auszeschaffen. Am Lëtzebuerger Aktiounsplang PANAS (Plan d’action national de lutte contre l’antisémitisme) ginn 19 Eenzelmesuren, mol méi mol manner konkret, opgezielt. Ee groussen Deel vun de skizzéierte Mesuren dovunner dréint sech dorëms, wéi déi Lëtzebuerger Gesellschaft sech an Zukunft un d'Shoah erënnere soll. Wann et ëmmer manner Zäitzeie gëtt, wär et wichteg, d'Erënnerung un den Holocaust héichzehalen, an och déi Jonk entspriechend ze sensibiliséieren. Bei der Presentatioun vum Plang erënnert de Premier Xavier Bettel dorunner, dass "viru Kuerzem och hei am Land Leit den Holocaust banaliséiert hunn", eng Uspillung un d’Impfgéigner, déi sech op Maniffe wärend der Covid-Pandemie ee giele Stär ugespéngelt hunn.
Esou soll beispillsweis dat aalt Klouschter vu Fünfbrunnen verstäerkt zu engem edukativen a commemorative Site ausgebaut ginn. Am Plang geet et awer net nëmmen ëm d'Erënnerungskultur. Esou sollen déi zwou Synagogen am Land besser securiséiert ginn, an am Code Penal sollen antisemittesch Motiver als "Circonstances aggravantes" agefouert ginn, wat zu enger Verdueblung vun de Strofe féiere kéint.
Lëtzebuerg ass dat 11. Land, dat esou en nationale Plang presentéiert. Fir d'Katarina von Schnurbein, Coordinatrice vun der Europäescher Kommissioun fir d'Bekämpfung vun Antisemitismus, sinn esou Pläng wichteg, well 9 vun 10 jiddesche Matbierger an der EU hunn aktuell d'Gefill, dass dëst Phänomen erëm staark zouhëlt: "Antisemitismus war ni ganz fort, mee et gouf nëmmen eng Zäit, wou ee wosst, dass ee verschidde Saachen net seet. Elo bitt awer den Internet, wou Haass vill méi oppen a vill direkt transportéiert gëtt, d’Méiglechkeet, Saachen ze soen, déi ee fréier mol net geduecht huet."
Lëtzebuerg engagéiert sech an dësem Plang dann och, fir den antisemitteschen a rassisteschen Online-Haass besser an de Grëff ze kréien, andeems entspriechend europäesche Direktiven ëmgesat ginn.