Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

An der Karibik: Hurrikan "Fiona" fuerdert op d'mannst fënnef Doudesaffer

Op d'mannst fënnef Doudeger - dat ass de Bilan nom Passage vum Tropestuerm "Fiona" op der Guadeloupe, Puerto Rico an an der Dominikanescher Republik.

Den Hurrikan "Fiona" an der Karibik ass weiderhin am Gaang, u Kraaft bäizewannen. Antëscht gouf e schonns an d'Kategorie 3 agestuuft, mat Wandvitessë vu bis zu 190 Stonnekilometer, an e soll weider méi staark ginn.

En Donneschdeg soll en op d'Bermuda-Inselen treffen, nodeems de Stuerm schonns Puerto Rico, d'Guadeloupe an och d'Dominikanesch Republik passéiert huet, wou et insgesamt op d'mannst fënnef Doudesaffer gouf. E Freideg soll de Stuerm dann op déi ëstlech Küstegebitter vu Kanada treffen.

De Schued wier enorm. Virun allem d'Stroumversuergung wier op villen Insele komplett ofgebrach an et gouf zolidd Iwwerschwemmungen. Dausende Mënsche goufen evakuéiert.