Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

An der Stad: Bei Ausernanersetzung an engem Lokal huet och e Polizist eng erwëscht

E Freideg géint 20 Auer gouf eng Kläpperei tëscht e puer Persounen an engem Lokal an der Rue de Bonnevoie gemellt. Besonnesch rebellesch war eng Fra.

Wéi d'Polizisten op der Plaz ukomm sinn, hu se gesinn, wéi eng Fra um Buedem louch a sech mat den Äerm ronderëm d'Been vun engem Mann geklammert huet. D'Polizisten hu probéiert déi zwee ze trennen, wat dozou gefouert huet, dass d'Fra sech nawell hefteg gewiert huet. Si huet ënnert anerem op de Broschtkuerf vun engem vun de Beamten ageschloen.

Wéi e Beamten d'Fra dunn erausbrénge wollt, huet déi sech nees op de Buedem geheit, an huet sech dunn un d'Been vum Policebeamte geklammert, deen doropshi kuerz drop och um Buedem louch. Et huet musse Verstäerkung geruff ginn, fir d'Fra schlussendlech an de Policewon ze kréien, dat mat Handschellen un.

Et sollt sech erausstellen, dass kuerz éier d'Beamten op der Plaz ukomm sinn, op de Mann ageschloe gouf, an d'Fra sech un e gehaangen huet, fir dass dësen net fortlafe kann. De Mann wollt virun den zwee Männer fortlafen, déi him Streech ginn haten. Et gouf no de presuméierten Täter gesicht, dëst allerdéngs ouni Succès.