Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

An der Stad: Enregistrement mat Info-Guichet plënnert op eng nei Adress

D'Gebai vum Enregistrement gouf en Dënschden ageweit. An enger éischter Phase schaffen hei 140 Leit.

D'Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA krut eng nei zentral Plaz an der Stad. Bis Enn dës Joers wäerten all 280 Mataarbechter vu bis elo fënnef diverse Sitten an der Stad hei hire Büro hunn.

Wa Bierger oder Patrone vun Entreprisë Froen hunn, kënne si sech un ee vun de véier "Guichet unique" vum Enregistrement riichten. Déi sinn zu Esch, Gréiwemaacher, Dikrech an an der Stad, op der Nummer 308 an der Escher Strooss zu Gaasperech. Fir dem Bierger besser bei sengen Demarchen ze hëllefen, gëtt grousse Wäert op Digitaliséierung geluecht, wéi d'DP Finanzministesch Yuriko Backes betount huet.

Dacks wier d'Sprooch, déi vun der Verwaltung genotzt gëtt, net fir jiddereen accessibel, seet de Romain Heinen, Direkter vun der Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA. Dofir wier e gudde Kontakt zu der Verwaltung sou wichteg. Privatleit géinge sech dann am heefegste mat Froen zu der TVA vun 3 Prozent wann se Bauen oder Renovéieren, zum bëllegen Akt, der Declaration de Succession oder zu de Steiertimberen, wann se en Auto umellen, un d'Administratioun riichten.

D'Aarbecht vum Enregistrement wier generell ëmmer méi komplex ginn, seet de Romain Heinen. Dat well et méi Bierger, méi Entreprisen a méi multinational Firme mat Sëtz hei am Land ginn. Vun de knapp iwwer 20 Milliarden Euro Recettë vum Staat zejoert, huet den Enregistrement 35 Prozent erageholl. A Chiffere sinn dat 7,3 Milliarden Euro. 5,1 Milliarden Euro - also de Gros dovunner - si Recetten duerch d'TVA, woubäi d’Inflatioun hei mat eng Roll spille géing. De Recht beleeft sech op d'Tax d'Abonnement, Tax d’Enregistrement an Ierfschaftssteier.

95 Prozent vun de Leit géingen awer wëllen éierlech si beim deklaréiere vun hire Steieren, sou dann nach e Constat vum Romain Heinen.