Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

An Israel: Situatioun spëtzt sech weider zou, Arméi an Alerte, President mëscht sech an

Déi ëmstridde Justizreform vun der israeelescher Regierung suergt ëmmer méi fir Problemer am Land.

Et sinn déi ugespaantsten innepolitesch Zäiten an der israeelescher Geschicht. Wéinst enger ëmstriddener Reform vun der Justiz ginn d'Leit zënter bal 3 Méint op d'Strooss an de Protest géint de Premier Netanjahu gëtt ëmmer méi grouss.

An Israel gëtt gefaart dass mat der Reform d'Onofhängegkeet vun der israeelescher Justiz a Fro gestallt ass. D'Justiz soll manner ze soen hunn zu Gonschte vum Premier a vum Parlament.

Dem Premier Netanjahu bléist ee stramme Géigewand an d'Gesiicht. Net nëmmen dass zegdausende Leit am Land op d'Stroosse ginn,  och bannent der Regierung wiisst d'Kritik. Neierdéngs ass de de Verdeedegungsminister Gallant entlooss ginn. Hien gouf bis ewell als enk Vertrauenspersoun vum Benjamin Netanjahu ugesinn. De Gallant warnt, dass d'Populatioun am Land wéinst där Reform een déiwen a permanente Rass kéint kréien.

Dat Ganzt kéint zu enger wierklecher Menace fir d'Sécherheet vun Israel ginn Déi gréisste Gewerkschaft an Israel huet zu engem Generalstreik opgeruff. Souguer de President Isaac Herzog huet un d'Regierung appelléiert d'Reform direkt ze stoppen. Et géif de Risk vun engem Biergerkrich ginn. D'israeelesch Natioun, d'Sécherheet d'Wirtschaft an déi ganz Gesellschaft wieren a Gefor.

Nieft dem President huet och den israeelesche Generalkonsul zu New York dem Galant e Réck gestäipt. Den Asaf Zamir huet aus Protest säin Amt néiergeluecht. Him no wier d'Decisioun vum Netanjahu eng "geféierlech Entscheedung", déi dem Zamir kloer gemaach hätt, datt hien "dës Regierung net méi representéiere kann."

Och d'USA weise sech déif besuergt wéinst der rezenter Entwécklung an Israel. D'Reform, sou gëtt gefaart, géif der Onofhängegkeet vun der Justiz schueden. Déi aktuell Situatioun géif weisen, datt Israel elo dréngend e Kompromëss schléisse misst.

Den Oppositiounschef an Israel Jair Lapid huet den Netanjahu als "Gefor fir d'Sécherheet vum Land bezeechent." Esou huet hien op d'Entloossung vum Galant reagéiert. De Regierungschef kéint zwar e Verdeedegungsminister erausgeheien, "awer hie kann net d'Realitéit entloossen an hie kann net dat israeelescht Vollek entloossen, dat sech géint den Onsënn vun der Koalitioun stellt."

Bei de Protester hunn d'Demonstranten ënner anerem Holz oder eng Couche a Brand gesat. Der Police no hätten och Pneue gebrannt. D'Demonstranten haten de Fändel vun Israel dobäi a fuerderen, datt de Premierminister Netanjahu zerécktrëtt.

De Premier Netanjahu wëll sech an den nächste Stonnen un d'Populatioun adresséieren. Et kéint sinn, dass d‘Reform op Äis geluecht gëtt. Dat wëll op mannst den israeelesche Policeminister no engem Gespréich mam Netanjahu wëssen.

Virdrun huet hien via Twitter zur Eenheet géint Gewalt appelléiert.

De riets-extreme Fligel vun der Regierung rifft iwwerdeems zu Géige-Manifestatiounen op.