Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

An Zäite vun Inflatioun: Allocation de vie chère an Energie-Primm ëmmer méi gefrot

Den Delai fir d‘Ufro eranzeschécken gouf jo bis den 31 Oktober verlängert.

An Zäite vu grousser Inflatioun, ass d‘Allocation de Vie chère fir vill Leit eng wäertvoll Hëllef. Tëscht Januar an Enn vun dësem Mount si bis ewell 33.000 Demanden erakommen. Den Delai fir d‘Ufro eranzeschécken, gouf jo bis den 31. Oktober verlängert. Hei rechent ee mat bis zu 35.000 Demanden. Also gutt 20% méi, ewéi nach d‘lescht Joer. D‘AVC an och d'Energieprimm. déi mëttlerweil dozou gehéiert, gewannen u Popularitéit. Ganz nom Prinzip "Den éischten ass fir" gëtt een Ugangs dës Joers mat Ufroen fir d‘Allocation de vie chère iwwerrannt. 22.000 Stéck tëscht Januar a Mäerz – e Groussdeel vun dëse Leit si schonn zanter Jore Client beim Fonds National de Solidarité – vill neier kommen awer am Laf vum Joer dobäi. „Et ass eng Prestatioun, wou och en Droit d‘Accès do ass,” esou de Patrick Bissener, Administrateur vum Fonds National de Solidarité. "Et muss een zu Lëtzebuerg wunnen, Resident sinn. Dat fir op d‘Mannst 1 Joer. D‘Nationalitéit spillt keng Roll. D‘Revenue ginn dann ee Joer zeréck gekuckt."

Fir Stéit tëscht 1 an 10 Persounen si Barèmen festgehalen. Den éischten ass esou festgesat, datt all Persoun mat engem Mindestloun vun der AVC an der Energie Primm profitéiere kann. De Patrick Bissener: „A bei engem Stot vu 4 Persounen do si mer bei enger Limitt vum Revenue vun ongeféier 4.700 Euro. Déi Beträg sinn och ëmmer Brutto. Op der anerer Säit hu mer dann eng Allocation de vie chère déi ëm déi 2.800 Euro ass. An neierdéngs ass do och zanter dem Fréijoer d‘Energie Primm dobäikomm. An dësem Zenario kommen dann nach eng kéier 350 Euro dobäi.“

Déi meescht Refusen – gutt 4.000 bis ewell - ginn et wann een ze vill verdéngt. Ma hei gëtt et e Polster, verdéngt ee knapp ze vill, da gëtt dat einfach vun der Allocatioun ofgezunn, bis datt näischt méi iwwereg ass. An och wann een ze vill fir d‘AVC verdéngt kann een nach ëmmer vun der Energie-Primm profitéieren. Demande fir béid Hëllefen gëtt iwwer ee gemeinsame Formulaire gemaach, se hänken also zesummen. D’Waardezäite beim ausbezuelen zéie sech aktuell iwwer e puer Méint – fir dem aktuellen Drock entgéint ze wierken, goufen am Juni 5 nei Kandidaten mat CDD bis Enn dës Joers agestallt, erkläert de Marc Schmit, Cellule Koordinatioun & Kontroll beim Fonds National de Solidarité: „Et si 14.000 Leit déi dëst Joer am Januar eng Demande gemaach hunn, do dauert et natierlech méi laang. Wann ee géinter Schluss vum Stéchdag eng Demande mécht, dann dauert de Prozess, bis datt eng Äntwert kënnt, manner laang. Deen Ament ongeféier 2 Méint. Soss vläicht och emol 4 bis 6 Méint.“

Kritt eng Persoun eng Allocatioun, da kritt dës, ofhängeg vun der Gemeng, och gäre mol eng zousätzlech kommunal Hëllef.