Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Anert Urteel wéi Verbandsgeriicht: Coupe am Basket: Conseil d'appel validéiert Resultat tëscht Mamer a Walfer

RTL

Nach déi leschte Woch hat d'Verbandsgeriicht decidéiert, datt d'Resultat tëscht Walfer a Mamer, no Protest vu Walfer, net kéint bestoe bleiwen.

D'FLBB war géint dës Decisioun vum Verbandsgeriicht an Appell gaangen a krut an zweeter Instanz Recht. Domadder muss d'Partie tëscht Mamer a Walfer net nach eng Kéier gespillt ginn an och Diddeleng, déi schonn an der nächster Ronn Mamer eliminéiert haten, steet domadder sécher an der Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg am Basket.

Walfer war direkt nom Match an Appell géint déi knapp Néierlag géint Mamer an Appell gaangen, well um Enn vun der Partie d'Auer ze spéit ugelaf ass a Mamer an der leschter Sekonn de Match gedréint huet.