Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Äntwert op parlamentaresch Fro: 1.300 ASBLen net en règle mam RBE-Gesetz

Police a Parquet hunn iwwert de Summer Kontrolle gemaach, ob d'Dispositiounen vum Gesetz iwwert de "Registre des Bénéficiaires Effectifs” agehale goufen.

An dee Regëster musse sech jo all Firmen an ASBL'en androen an hir Bilanen hannerleeën.

Dëst ass eng Obligatioun, déi bei ville Veräiner, déi op Basis vum renge Benevolat fonctionéieren, fir Kappzerbrieches an méi administrativ Demarchë suergen.

Well d'Obligatiounen zanter dem Aféiere vum RBE-Regëster net agehale goufen, hu missten eng 2.600 Rappellen un ASBL'e verschéckt ginn - et koum dann och a méi wéi 100 Fäll zu Procès-Verbauxen, déi dem Parquet iwwermëttelt goufen.

Doropshin hu Veräiner sech opgeléist oder awer hir Situatioun regulariséiert.

Wann d'ASBL awer nach ëmmer net kooperéiert, kann eng Geldstrof geschwat ginn, dëst nieft enger méiglecher geriichtlecher Opléisung.

Bis haut gouf awer nach kee President oder eng ASBL wéinst Verstéiss géint d'RBE-Gesetz poursuivéiert.

Aktuell sinn eng 8.700 Veräiner am RBE ageschriwwen - eng 7.400 dovunner si konform, wat engem Taux vu 86% entsprécht. Deemno sinn 1.300 Clibb net konform.

Et war de Piraten-Deputéierten Sven Clement, deen des Froen an enger parlamentarescher Fro un d'Ministere Sam Tanson an Henri Kox opgeworf hat. Basis fir d'Fro war de Fall vun engem benevollen ONG-President, wou dräi Poliziste wéinst enger Irregularitéit am RBE Doheem virstelleg goufen, an dee säi Fall um Facebook public gemaach hat.

Verstéiss géint d'RBE-Gesetz kënne mat Geldstrofe sanktionéiert ginn, déi vun 1.250 Euro bis 1.250.000 Euro goe kënnen.