Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Äntwert op parlamentaresch Fro: Impakt vun der Schwaarzaarbecht ass considerabel

D'Schwaarzaarbecht huet net nëmmen en direkten Impakt op de Fonctionnement vum Aarbechtsmaart, mä och e finanziellen Aspekt.

Dat hunn d'LSAP-Ministere Georges Engel a Franz Fayot e Mëttwoch op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten André Bauler a Carole Hartmann geäntwert. Sou geet de Statec dovun aus, dass duerch dës illegal Aarbechten dem Staat TVA-Recetten an Héicht vu 15 Milliounen Euro d'Joer verluer ginn. Do derbäi kënnt och eng steierlech Moins-value, mä dës kann net chiffréiert ginn.

Wéi d'LSAP-Ministere soen, hätt d'Schwaarzaarbecht och kloer negativ Konsequenzen op d'Steierrecetten, d'Sécherheet an de Betriber, den Droit d'Etablissement an op d'sozial Institutiounen.

D'Kontrolle vun der Schwaarzaarbecht geschéien duerch d'ITM, d'Douane, d'Police an d'Steierverwaltungen.

D'ITM ass a punkto Anhale vum Aarbechtsrecht a Sécherheet op der Schaff responsabel. Bannent de leschten dräi  Jore goufen et duerch d'ITM-Beamte ronn 200 Kontrollen a Betriber an et goufen eng 240 Protokoller fir eng Zomm vu ronn 40.000 Euro geschriwwen.

Wéi d'Ministeren Engel a Fayot betounen, géife méi Inspektere bei der ITM och bedeiten, dass méi renforcéiert Kontrolle géint d'Schwaarzaarbecht kéinten duerchgefouert ginn.