Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Äntwert op parlamentaresch Fro: Lëtzebuerger UNO-Ambassadeur wunnt net an enger Wunneng am Trump Tower

Äntwert op parlamentaresch Fro

Dat huet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn dem Piraten-Deputéierte Sven Clement op eng entspriechend parlamentaresch Fro geäntwert.

Deemno ginn et zanter 2 Joer gréisser Renovatiounsaarbechten am Gebai vun der Residenz vun der Lëtzebuerger Vertriedung bei der UNO, wou den Ambassadeur a permanente Vertrieder Olivier Maes wunnt. D'Aarbechten an dëser Proprietéit vum Lëtzebuerger Staat sollen Enn vum Joer ofgeschloss sinn.

Fir den Ambassadeur a seng Famill wärend de Renovatiounsaarbechten ze logéieren, lount de Lëtzebuerger Staat en Appartement an engem Gebai op der 1st Avenue dat de Numm "Trump World Tower" dréit. Dëst Gebai ass net ze verwiessele mam "Trump Tower" op der 5th Avenue.

D'Appartement ass fir 13.500 respektiv no enger Hausse 15.500 US-Dollar de Mount vum Staat gelount. "D'Appartement gouf zeréckbehale, well de Rapport qualité/prix gutt war", sou schreift et den Ausseminister Asselborn.

Anescht wéi den "Trump Tower" op der 5th Avenue, ass den Donald Trump dann och net Proprietär vun dësem Gebai. Hie wunnt selwer net do. Och huet d'Trump Organization kee Sëtz an dem Gebai.