Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Appell un Israel: EU: "Déidlech Gewalt muss dat allerlescht Mëttel bleiwen"

D'EU erkennt d'israeelesch "Sécherheetsbedenken", appelléiert awer trotzdeem un Israel, datt "déidlech Gewalt nëmmen als lescht Mëttel agesat ginn dierf".

Mat Bléck op déi rezent Terrorattacken an Israel huet den EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell betount, datt d'Sécherheetsbedenke vun Israel "legitim" a "gerechtfäerdegt" wieren, ma "déidlech Gewalt" dierft nëmmen agesat ginn, "wann et zum Schutz vu Liewen absolutt net ze vermeiden ass".

Doriwwer eraus huet de Josep Borrell awer och betount, datt d'israeelesch Sécherheetsunitéiten zanter dem Ufank vum Joer 30 Palestinenser am Westjordanland ëmbruecht hunn. Den Aussebeoptraagten huet och nach eng Kéier un déi méi wéi 150 Mënschen erënnert, déi d'lescht Joer bei israeeleschen Asätz am Westjordanland ëm d'Liewe koumen - dorënner och 30 Kanner.

Deemno wier et immens wichteg, "d'Spiral vun der Gewalt" ëmzedréinen an erhieflech Efforten ze maachen, fir Friddensgespréicher un d'Lafen ze kréien. "Mir appelléieren un all Parteien, net op Provokatioun ze reagéieren", esou de Josep Borrell.

E Freideg hat e Palestinenser virun enger Synagog am Oste vu Jerusalem 7 Mënschen erschoss an op d'mannst 3 Leit blesséiert. E Samschdeg de Moie gouf et eng weider Attack, bei där en 13 Joer ale Palestinenser an der Alstad vu Jerusalem op e Papp a säi Bouf geschoss huet. D'EU huet dës Attentater als Akte vu wansinneger Gewalt an Haass verurteelt.

D'Attack virun der Synagog koum allerdéngs een Dag no enger Razzia vun der israeelescher Arméi am palestinensesche Flüchtlingscamp Dschenin, bei där 9 Palestinenser gestuerwe waren.