Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Arrêt Verwaltungsgeriicht: Schuet den Arrêt der Natur? D’Ëmweltministesch an d’Chamberkommissioun zitéiert

D'Ëmweltministesch Joëlle Welfring war e Méindeg an der Ëmweltkommissioun vun der Chamber, fir a Saachen Naturschutzgesetz Ried an Äntwert ze stoen.

"Am ganz wichtege Naturschutzgesetz geet et drëm, eis Liewensgrondlag ze erhalen, mee mir wäerten e puer Artikelen upassen", seet déi nei Ëmweltministesch no hirer Entrevue an der Ëmweltkommissioun vun der Chamber.

D’Verfassungsgeriicht sot am Juli an engem Urteel, dat Gesetz géif vis a vis vum Bierger, ze vill rigid applizéiert. Dat heescht: Amplaz dass de Ministère bei Autorisatiounen d'Verhältnesméissegkeet kuckt, géif géint d’Verfassung an d’Mënscherechter verstouss.

Annerhallef Stonn gouf an der Chamberkommissioun iwwert eis Bëscher geschwat. An du séier nach 10, 15 Minutten iwwert d’Naturschutzgesetz. Obschonns hei e Verstouss géint eis Verfassung thematiséiert gouf an dat ass jo och net grad näischt. En Urteel vum Verwaltungsgeriicht – et goung ëm en Ëmbau vun engem Haus an der Gréngzon, deen de Ministère, der Cour administrative no hätt missen erlaben – dëst Urteel misst d’Politik natierlech acceptéieren.

D’Deputéiert – net just déi vun der Oppositioun – waren no der Entrevue net wierklech rassuréiert, dass de Bierger hir Rechter respektéiert wäerte ginn. D’Martine Hansen hat d’Ministesch an d’Kommissioun zitéiert – ze kuerz war d’Gespréich. Et ass a bleift spannend, effektiv, ouni richteg Detailer kritt ze hunn, goung dës Chamberkommissioun op en Enn, mee d’Majoritéit vun den Deputéierten schéngt der Ministesch ze trauen. On verra.