Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Asaz vu privater Sécherheetsfirma: Verwaltungsgeriicht huet Plainte vu Stater Lénk als "irrecevabel" deklaréiert

Am Fréijoer 2021 haten déi Lénk zwee Recourse géint den Asaz vun enger privater Sécherheetsfirma am Stater Garer Quartier eragereecht.

Ma déi zwee Recourse goufe vum Verwaltungsgeriicht als irrecevabel deklaréiert.

Déi zwee Conseilleren Ana Correia da Veiga a Guy Foetz waren der Meenung, datt d‘Decisioun vum Schäfferot, fir an dëser Saach privat Sécherheetsacteuren ze engagéieren net am Aklang mat der Gesetzgebung a mat der Verfassung wier.

An engem zweete Recours war den Inneministère viséiert, deen an den Ae vun Déi Lénk an dësem Dossier hätt missten intervenéieren.

D'Riichter vum "Tribunal administratif" hunn awer elo festgehalen, datt déi zwee "recours en réformation" respektiv "recours en annulation" net recevabel sinn.

An der Argumentatioun heescht et, datt d'Requéranten, also d‘Demandeuren, net genuch justifizéiert hätten, firwat si an dëser Saach wëllen agéieren, sief et op perséinlechem Niveau oder am Kader vun hirer Funktioun.

Op Nofro hi si mer bei "Déi Lénk Stad" gewuer ginn, datt een d'Urteel elo mol a Rou géing analyséieren. Dono géing decidéiert ginn, ob een an Appell geet oder ob een d’Demande eventuell nei formuléiert.