E Samschdeg den Owend an e Sonndeg de Moie war de CGDIS am Ganze 5 Mol bei Accidenter op eise Stroossen am Asaz, 8 Leit goufen am Ganze blesséiert.
Géint 17.45 Auer gouf eng Persoun um Hareler Potto ugestouss. D'Ambulanz vu Wolz an d'Pompjeeën aus der Stauséigemeng waren op der Plaz.
Kuerz virun 20 Auer goufen 3 Persoune blesséiert, wéi zu Mëtscheed 2 Autoen aneneegerannt sinn. D'Ambulanze vu Wolz an aus der Nordstad an d'Pompjeeë vum Asazzenter Alebësch waren am Asaz.
Géint 22.50 Auer war en Auto zu Péiteng an eng Fassad gerannt. Hei goufen et 2 Blesséierter. D'Ambulanzen aus den Asazzentere Käerjeng-Péiteng a Beetebuerg an d'Pomjeeë vu Käerjeng-Péiteng waren op der Plaz.
Um 10 Auer e Sonndeg de Moie war dann um CR105 tëscht der Simmerschmelz a Simmer e Motocyclist gefall.
Ee méi uergen Accident gouf et dann um 10.44 Auer zu Bech-Klengmaacher. Hei hat en Auto an der Rue de la Moselle e Cyclist ze pake kritt. Nieft der Ambulanz vu Réimech an de Pompjeeë vu Schengen waren hei och de Samu an den Helikopter vun der Air Rescue am Asaz.